70.000 Polizisten mobiliséiertWeider Protestaktiounen a Frankräich ëm Halloween geplangt

AFP, iwwersat vun RTL
Fir de Weekend sinn nees Protester geplangt, elo och vun de Gilets Jaunes.
© ALAIN PITTON/NurPhoto via AFP

D'franséisch Protestbeweegung vun de Gilets Jaunes huet fir e Freideg zu enger Aktioun "fir d'Verdeedegung vun den ëffentleche Fräiheeten" opgeruff.

Et handelt sech ëm eng sougenannt "Dëppendemonstratioun". D'Participante sinn dozou opgeruff, sech ab 18:00 Auer virun der Nationalversammlung zu Paräis ze versammelen a mat Dëppen a Pane grousse Kaméidi ze maachen. Och fir e Samschdeg ass e weideren Aktiounsdag geplangt.

Iwwerdeems bereede sech déi franséisch Autoritéiten op e weideren Dag vun "ëffentlechen Onrouen" e Samschdeg vir. Den Inneminister Laurent Nuñez huet en Donneschdeg ugekënnegt, datt ongeféier 70.000 Poliziste mobiliséiert géife ginn.

Den Inneminister huet betount, datt Demonstratiounen dëse Samschdeg zwar erlaabt sinn, awer net an de Stadzentere stattfanne kënnen. Eng Moossnam, déi d'Autoritéiten och scho leschte Weekend ëmgesat hunn. Op sozialen Netzwierker gouf et vill Opriff fir ze plëmmen.

Suerge mécht den Autoritéiten awer virun allem d'Nuecht op e Sonndeg. Do ass nämlech Halloween.

An deem Kader ginn an de soziale Medie vill Appeller verbreet, sech an der Halloween-Nuecht ze versammelen. Dës kommen aus "ultralénksen, radikaliséierte lénksextreme" Kreesser. Dës Messagë ruffen zu enger "Revolutioun", engem "Opstand" op. Esou Versammlunge wäerte verbuede ginn.

Gen-Z Protester an Däitschland

Och an Däitschland gi fir e Samschdeg Jugendprotester erwaart.

An iwwer 30 Stiet wëlle Jonker fir mat der Initiative "GenZ regelt!" besser Bildung an e bezuelbaart Liewen op d'Strooss goen. Manifestéiert gëtt och géint d'Wehrpflicht, also de Militärdéngscht.

Bis ewell hu sech 150.000 Persounen online ugemellt, wéi d'Protester genau organiséiert sinn ass onkloer.

Och héi fäerten d'Autoritéiten, datt extremistesch Gruppe sech ënnert d'Manifestante kéinte mëschen.

Op ville Plazen am Commerce gëtt nach diskutéiert, ob a wéi ee soll reagéieren. Vill Luxusmarken hu wëlles hir Butteker ze verbarrikadéieren. D'Parfümerie Douglas wëll muer mol 12 Geschäfter zouloossen.

Back to Top
CIM LOGO