Véier Doudesaffer confirméiertItalieenesche Militär-Helikopter a Bosnien-Herzegowina erofgefall

AFP, iwwersat vun RTL
Den Helikopter gouf am Kader vun der EUFOR-Missioun am Land agesat.
E Militär-Helikopter vum Typ Chinook
E Militär-Helikopter vum Typ Chinook
© ARMAN ONAL/Anadolu via AFP

En Donneschdeg ass a Bosnien-Herzegowina en italieenesche Militärhelikopter erof gefall. Dëse war am Kader vun der europäescher Sécherheets- a Militärmissioun EUFOR am Land am Asaz. Wéi et an enger Ausso vun EUFOR heescht, wier et bei engem Routine-Fluch zu Brcko zu engem Accident komm, bei deem en Helikopter vum Typ "Chinook" erofgefall ass.

Direkt nom Accident huet et vun EUFOR geheescht, dass keng zivil Infrastruktur respektiv Gefierer beschiedegt gi wieren, an dass och keng Ziviliste blesséiert goufen. Ob et Doudeger ënnert der Crew ginn, war deen Ament nach net gewosst. Géint 18:20 Auer gouf da matgedeelt, dass eng onbekannt Zuel vun der Crew beim Accident hiert Liewe gelooss hunn.

Am Laf vum Owend war et dann d'Confirmatioun, dass véier Leit beim Accident hiert d'Liewe gelooss hunn. Wéi e Spriecher vum Spidol zu Brcko matgedeelt huet, wiere vun de 15 Leit, déi Bord vum Helikopter waren, 3 beim Accident selwer gestuerwen, Eng véiert wier méi spéit am Spidol verscheet.

Déi genee Ursaach vum Accident ass nach net gewosst.

Un der EUFOR-Missioun a Bosnien-Herzegowina huele 24 europäesch Länner Deel. Aufgab vun der Missioun ass et zanter dem Ofzuch vun den UN-Friddenstruppen am Joer 2004 nom Bosniekrich, bei der Friddenserhalung am Land ze hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO