Mesure géint héich Präisser12 EU-Länner wëlle ronn 43 Millioune Barrel Pëtrol aus strateegesche Reserve fräiginn

AFP, iwwersat vun RTL
Och Lëtzebuerg huet eng entspriechend Deklaratioun mat ënnerschriwwen.
Et wéilt een de Marché mat Bléck op de Wanter stabiliséieren.
© AFP Archivbild

Am Kader vun engem Accord vun de G7 wäerten 12 EU-Länner bannent den nächsten dräi Méint 42,6 Millioune Barrel Pëtrol aus hire strateegesche Reserve fräiginn, dovu ronn 20,5 Millioune Barrel Diesel. Däitschland, Frankräich, Griicheland, Dänemark, d'Belsch. Litauen, Lëtzebuerg, Portugal, Lettland, Schweden, Holland an Italien hunn en Donneschdeg bei engem Treffe vun en EU-Energieministeren hei am Land eng entspriechend Deklaratioun ënnerschriwwen.

Et wier een amgaangen, D'Diesel-Marchéë mat Bléck op de Wanter esou gutt ewéi méiglech ze stabiliséieren, sou den EU-Energie-Kommissär Dan Jorgensen nom Treffen.

Wéinst der Hausse vun de Pëtrolspräisser um Weltmarché hunn d'G7-Staaten ugangs Oktober decidéiert, bannent véier Méint 100 Millioune Barrel aus hire strateegesche Reserve fräizeginn, fir esou d'Präisser nees erofzekréien.

Back to Top
CIM LOGO