Schutz viru russeschen AttackenUS-Regierung accordéiert "Patriot"-Liwwerung un d'Ukrain

Annick Goerens
Den Optrag am Wäert vun iwwer 2 Milliarden Dollar gëtt vun Alliéierte vun der Ukrain finanzéiert.
Patriot-Systemer gëllen als besonnesch effikass, fir ballistesch Rakéiten ofzefänken, wéi Russland se am Krich géint d'Ukrain asetzt.
© MICHAL FLUDRA/NurPhoto via AFP

Den US-Ausseministère huet de Verkaf vu 500 Patriot-Rakéiten un d'Ukrain autoriséiert. Den Optrag huet e geschate Wäert vun 2,1 Milliarden Dollar a gëtt komplett vun Alliéierte vun der Ukrain finanzéiert. Ënner anerem Däitschland, Kanada an Norwegen bedeelege sech un de Käschten.

Patriot-Systemer gëllen als besonnesch effikass, fir ballistesch Rakéiten ofzefänken, wéi Russland se am Krich géint d'Ukrain asetzt.

Iwwerdeems ginn d'Attacken op Energieinfrastrukturen op béide Säite weider. Wéi et vu russescher Säit heescht, huet d'Ukrain nees russesch Raffinerien ugegraff. Dräi Raffinerien an e Gas-Chemiekomplex wiere getraff ginn. Zwou Persoune wiere bei de Läschaarbechten ëm d'Liewe komm.

Russland fiert sengersäits mat sengen Attacken op den ukraineschen Energiesecteur weider. Dem President Wolodymyr Selenskyj no ginn et all Dag Attacken a schwéier Schied un de Stroumnetzer. Moskau hätt kee Schrëtt fir eng Deeskalatioun gemaach.

Back to Top
CIM LOGO