
An der Demokratescher Republik Kongo sinn zanter Mëtt Mee méi wéi 5.000 Leit un Ebola gestuerwen. D'Gesondheetsautoritéite melle 5026 confirméiert Doudesfäll an iwwer 10.300 Infektiounen. Déi tatsächlech Zuele kéinten nach méi héich leien, well sech d'Krankheet schonn onbemierkt verbreet, ier se ausbrécht.
Ebola ass eng schwéier Viruskrankheet, déi duerch Kierperkontakt a Kontakt mat Kierperflëssegkeeten iwwerdroe gëtt a Féiwer mat Duerchfall a Bluddungen ausléist. D'Autoritéite kréien den Ausbroch nëmme schwéier ënner Kontroll: Géint déi verantwortlech Bundibugyo-Variant gëtt et bis elo weder zougeloossen Impfstoffer nach Medikamenter.
Well den Ausbroch wéinst de Konflikter an den iwwerlaaschte Gesondheetsservicer eréischt spéit erkannt gouf, huet sech de Virus méi séier verbreet wéi bei fréieren Ausbréch. Bis elo sinn aacht vun de 26 Provënze vun der Demokratescher Republik Kongo betraff. De Virus huet sech och schonn an aneren afrikanesche Länner ausgebreet. Déi lescht Woch huet Nigeria als véiert afrikanescht Land en Ebola-Fall gemellt. Domat huet den Ausbroch och Westafrika erreecht. Och déi ostafrikanesch Länner Kenia an Uganda hu Fäll gemellt.
Gläichzäiteg kämpft d'Land géint eng Choleraepidemie. Wéi d'Vereenten Natioune mellen, goufen zanter Ufank 2025 bis Enn September dëst Joer méi wéi 125.000 Verdachtsfäll a ronn 3.600 Doudesfäll registréiert. De Manktem u propperem Drénkwaasser a sanitären Anlage begënschtegt d'Verbreedung.
Cholera ass eng bakteriell Daarminfektioun, déi duerch staarken Duerchfall séier zu engem liewensgeféierleche Verloscht vu Flëssegkeet féiere kann.
Déi zwou Epidemië belaaschten de souwisou schonn iwwerfuerderte Gesondheetssystem zousätzlech.