Extra fir HalloweenPinguinen, Capybaraen a Gorilla kréie "grujelegt" Iessen am Zoo zu London

RTL mat Reuters
Fir d'Déieren an Halloween-Stëmmung ze bréngen, krute si en Donneschdeg schonn e bësse méi en extrat Iessen zerwéiert.
Halloween am Zoo zu London
Geschnëtzte Kalbasse gi fir d'Festivitéiten a fir d'Déiere genotzt.

Grujeleg geschnëtzt Kalbassen, déi extra vun den Déierefleeger preparéiert goufen, hunn d'Geheege vun den Déiere dekoréiert.

D'Kolonie vun Humboldt Pinguine krute fir d'Früstück e Fësch zerwéiert, dat op engem Platto, deen aus Kalbass gemaach war. D'Cabybarae kruten hir Leckerlien, Muerten a Gréngs, verstoppt am engem geschnëtzten Halloween-Kürbis. Si hunn also e bësse misste sichen.

Den Daniel Simmonds, dee responsabel fir d'Déierfleeg ass, sot, datt esou eng saisonal Aktivitéit extra drop ausgeluecht ass, fir den Déieren hiert natierlecht Behuelen ze encouragéieren, dorënner d'Sich nom Fudder an d'Erfuerschen.

"Halloween gëtt eisen Déierefleeger eng gutt Méiglechkeet, fir mat neie saisonale Méiglechkeeten d'Déiere ze encouragéieren, hir natierlech Instinkter ze notzen", esou den Simmonds weider.

Back to Top
CIM LOGO