Background am Gespréich (31. Oktober)Tilly Metz, Martine Kemp, Marc Angel a Charel Goerens

Pierre Jans
E Samschdeg sinn déi 4 Europadeputéiert eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Véier vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten diskutéiere bei eis am Studio iwwer Sujeten, déi zu Bréissel a Stroossbuerg um Ordre du Jour stinn: EU-Budget, Ukrain-Hëllefen a Migratioun.

Nieft der internationaler Aktualitéit thematiséiere mir awer och d‘Annulatioun vum Verbrenner-Aus an d‘europäesch Klimapolitik.

Am Background invitéiert sinn déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz, d‘Martine Kemp vun der Europäescher Vollekspartei, de Marc Angel vun de Sozialisten an de liberale Charel Goerens.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO