Schlass BalmoralSchottesch Police ermëttelt wéinst Openthalt vun Andrew an Epstein

RTL mat AFP
De fréiere Prënz an de verstuerwene Sexualverbriecher sollen 1999 Fraen illegal an d'Summerresidenz vun der Queen Elizsabeth II. bruecht hunn.

Déi schottesch Police huet Ermëttlungen zu engem Openthalt vum fréiere brittesche Prënz Andrew an dem verstuerwene Sexualverbriecher Jeffrey Epstein am kinnekleche Schlass Balmoral ageleet. Déi schottesch Police hätt "Informatioune kritt an et lafen aktiv Ermëttlungen". Dës géife sech awer nach an engem "ganz fréie Stadium" befannen, sou d'Autoritéite weider.

Den Andrew hat den Epstein a seng fréier Partnerin Ghislaine Maxwell 1999 op Balmoral an déi schottesch Highlands invitéiert. Der brittescher Press no besteet de Verdacht, dass illegal Fraen an déi deemoleg Summerresidenz vun der Queen Elizabeth II. bruecht gi waren. De Kinnek Charles III. hat Enn 2025 sengem Brudder all Titelen entzunn, nodeems posthum d'Memoirë vun engem Epstein-Affer erauskomm waren, an deenen et och ëm d'Verbindungen tëscht béide Männer geet.

Am Februar war den Andrew Mountbatten-Windsor, wéi de fréiere Prënz entretemps heescht, festgeholl ginn a säi fréiere Wunnsëtz Royal Lodge, grad sou wéi säin neie Sëtz Sandringham duerchsicht ginn. Déi brittesch Police hat duerno zwar mussen zouginn, dass d'Uerdere fir ze duerchsichen illegal waren, mee d'Ermëttlunge wéinst presuméiertem Amtsmëssbrauch ginn awer weider. De 66 Joer alen Andrew weist weider all Virwërf géint seng Persoun zréck.

Back to Top
CIM LOGO