
D'Usere vun der brittescher Liwwer-App Just Eat haten net schlecht gestaunt, wéi se op hirer App aner Biller hate vu bekannte Platen, déi eigentlech ganz anescht ausgesinn. Si haten an enger Testphas mat Kënschtlecher Intelligenz experimentéiert, fir deene Gastronome Biller ze liwweren, déi selwer keng Fotoe vun hire Platen haten.
Beispill: aus engem iresche "Soda-Bread-Breakfast", engem iresche Brout, op deem Eeër, Bacon a Wirschtche leien, hat d'KI eng Limonad gemaach, an där Fleesch an Ee geschwomme sinn. Weider där Faux-pase sinn entdeckt ginn, sou dass den Test mat deene KI-generéierte Biller ausgesat ginn ass.
E Spriecher vun Just Eat sot: "Wéi bei all neier Technologie klappt et net ëmmer direkt." De Liwwerdéngscht huet sech entschëllegt a wier amgaangen, déi falsch Biller rëm ze läschen. Réischt vun de KI-Tool entspriechend weiderentwéckelt wier, soll en erëm an den Asaz kommen. Leider wäerte mir wuel ni gewuer ginn, wat de Programm aus der gudder "Wäinzoossiss" gemaach hätt...