Ugespaant Situatioun am Mëttleren OstenIeweschte Leader vum Iran warnt USA viru Reprise vun Attacken

RTL Lëtzebuerg
Am Mëttleren Oste riskéiert d'Lag sech nees zouzespëtzen.
De Modschtaba Chamenei, Bouf vum Ayatollah Ali Chamenei, den 31. Mee 2019 bei enger Demonstratioun um Jerusalem Dag zu Teheran.
Den ieweschte Leader vum Iran Modschtaba Chamenei
© MORTEZA NIKOUBAZL/NurPhoto via AFP

E Samschdeg de Moien hunn d'Noriichtenagencë gemellt, datt den ieweschte Leader vum Iran d'USA virun enger Reprise vun den Attacke gewarnt huet. Déi militäresch Äntwert wier ouni "geographesch Limitatiounen".

D'Warnung kënnt zu engem Ament an deem u sech nei diplomatesch Efforten och amgaang sinn, fir nei Affrontementer tëscht den USA an Israel an dem Iran ze verhënneren. E Freideg war dowéinst eng Verhandlungsdelegatioun aus dem Qatar ukomm, fir zu Teheran mat héijen iranesche Responsabelen ze schwätzen. De Qatar an de Pakistan vermëttelen am Friddensprozess. Mä ausser der Wafferou am Abrëll konnt bis elo nach keng nohalteg a laangfristeg Léisung fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO