Prof. Glaurdic zu den US-MidtermsEng decisiv Victoire fir d'Demokrate wier "den Ufank vum Enn vum MAGA-Mouvement"

Sarah Cames
D'Deeg bis zu de Midterm elections an den USA loosse sech mëttlerweil un enger Hand ofzielen. Héich Zäit also, engem Expert seng Aschätzung zu der Lag anzehuelen.
Gefälscht Ëmfroe maachen et ëmmer méi schwéier, virun de Midterms e konkret Bild vun der Beléiftheet ze kréien.
An den USA gëtt den 3. November iwwert déi nei Zesummesetzung vum Kongress decidéiert. Et sinn dem President Trump seng lescht Midterms.
© ALEX WONG/Getty Images via AFP

Mir hu mam Professer fir Politikwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg, dem Prof. Josip Glaurdic, iwwert den Ufank vun enger Welt nom Donald Trump geschwat an doriwwer, wéi eng Roll eng demokratesch Victoire doranner spille kéint.

Zur Erënnerung: d'Midterm elections an den USA markéieren d'Hallschent vun der Mandatsperiod vun engem US-President an hunn dohier och hiren Numm. Um Walziedel steet allerdéngs net de President, ma Membere vun der Legislativ, dem Kongress. Dee besteet aus dem Representantenhaus an dem Senat. Am Representantenhaus ginn alle 435 Sëtz nei besat, wärend am Senat 35 vun insgesamt 100 Sëtz nei verdeelt ginn.

Eisen Hannergrond-Artikel zu de Midterms an den USA fannt Dir hei:

Aktuell si béid Kummeren a republikanescher Hand, ma den Demokrate gi gutt Chance fir dës Midterm elections zougeschriwwen. Deem stëmmt och de Prof. Glaurdic zou. Ausser et géif virum Waldag den 3. November nach eng massiv Iwwerraschung ginn, wier eng demokratesch Victoire am Representantenhaus quasi garantéiert. Am Senat gëtt hien den Demokraten eng Chance vun 80 Prozent, d'Kummer ënnert hir Kontroll ze bréngen. "Eng Rei Course si knapps, mee ech mengen, den allgemengen Trend ass, datt d'Demokraten de Senat och fir sech entscheede wäerten."

Besonnesch gespaant bléckt den Prof. Glaurdic vun der Uni Lëtzebuerg op d'Coursen ëm de Sëtz am Senat fir d'Bundesstaate Maine, Michigan an Texas. Den Texas ass u sech eng republikanesch Héichbuerg, ma dat kéint sech mat dëse Walen änneren. De moderaten Demokrat James Talarico kéint de Senat hei eng éischte Kéier zanter 1993 aus republikaneschen Hänn huelen. Am Michigan steet de méi progressiven Demokrat Abdul El-Sayed dogéint dem Republikaner Mike Rogers géigeniwwer. "Ech mengen, de relative Succès vu progressive Kandidaten géigeniwwer méi zentristesche Kandidaten wäert och determinéieren, wéi d'Aussiicht fir [d'Presidentiellen] 2028 fir d'Demokrate wäert sinn", esou de Professer Glaurdic.

D'Midterms als Indicateur fir d'Presidentiellen

Ma den Ausgang vun de Miterms kéint och méi allgemeng d'Zukunft vun der Politik an den USA beaflossen, seet de Prof Glaurdic: "Wann et eng kloer demokratesch Victoire an den Midterms gëtt, da mengen ech, datt dat endlech de richtegen Ufank vum Enn vum MAGA-Mouvement wäert sinn – och wann e sech onheemlech resistent gewisen huet." An de Presidentiellen kann den Donald Trump net nach emol untrieden – an och dat wäert déi politesch Landschaft onheemlech veränneren.

Souwuel op der demokratescher Säit, wéi och bei de Republikaner, wou d'Partei bis ewell gréisstendeels am Trump sengem Schied stoung, wäerte sech iwwert déi nächst zwee Joer Stréimunge weisen a Kandidaten fir déi nächst Presidentiellen erausschielen. Ma op d'mannst emol op republikanescher Säit kéint et nach ee gudde Krack méi laang daueren, bis sech d'Partei wierklech vum Trump a sengem MAGA-Mouvement ofgekapselt huet.

"An de leschte Jore war de President Trump onheemlech erfollegräich doranner, seng eege Leit op wichteg Posten ze setzen", erkläert de Prof. Glaurdic. "Ech muss zouginn, op dësem Moment ass et onheemlech schwéier virauszesoen, wéi eng Post-Trump-Zukunft wäert ausgesinn." Méiglech wier et, datt sech eng nei republikanesch Féierungspersoun nom Trump sengem Virbild etabléiert: "Villäicht eng méi jonk Persoun, méi kompetent. Well, si mer Mol éierlech, de President Trump ass onheemlech inkompetent. Eng méi kompetent, méi skrupellos, méi organiséiert Persoun. Ma villäicht wäert et och eng Persoun sinn, déi d'Partei nees méi a Richtung vun der Mëtt bréngt."

Wéi et bei de Republikaner weidergeet, wäert awer och kloer dovunner ofhänken, wéi sech déi demokratesch Partei entwéckelt. Déi ass nämlech och gespléckt, tëscht Zentristen a méi progressive Kandidaten. An dat schonn zanter Joren. "Alles, wat ech soe kann ass: Et wäert ee Kampf ginn. An dee wäert grouss ginn. Wéi ee Wee d'Partei goe wäert, ass schwéier virauszesoen." Wéi déi verschidde Kandidaten sech elo an de Midterms schloen, wäert méi spéit fir d'Presidentiellen 2028 eng wichteg Datelag sinn.

Froen an Äntwerten zu de Midterms mam Prof. Josip Glaurdic
De Professer fir Politikwëssenchaft vun der Uni Lëtzebuerg huet eis virun de Midterm elections seng Aschätzunge ginn.

Desillusionéiert Trump-Supporter kéinten den Demokraten d'Victoire bréngen

Den Trump huet zanter de leschte Walen staark u Support verluer. Hie steet zwar dës Kéier, wéi gesot, net selwer um Stëmmziedel, ma d'Midterms sinn ëmmer och eng Zort Referendum iwwer d'Aarbecht vum US-President. An datt hie mat sengen historesch niddregen Zoustëmmungswäerter dës Kéier seng Wieler mobiliséiert kritt, ass ze bezweiwelen.

Dem Trump säin Hellegeschäin blénkt och bei senger eegener Basis net méi esou hell, erkläert de Professer Josip Glaurdic: "Amerikanesche Wieler geet et, géif ech soen, zimmlech ëmmer letztendlech ëm d'Wirtschaft. Am Joer 2024 huet de President Trump seng Campagne op Liewenskäschten an Inflatioun ausgeriicht. [...] Elo, zanterdeem hien am Wäissen Haus ass, huet hien net geliwwert. Ganz am Géigendeel. Hien huet eng Rei Mesuren en place gesat, déi d'Inflatioun eropgedriwwen hunn. Strof-Taxen zum Beispill, virun allem op Produkter aus Kanada. An de Krich am Iran huet d'Pëtrolspräisser explodéiere gelooss."

"Mir wëssen empiresch, datt et onheemlech schwiereg fir Leit ass, déi ideologesch esou déif verwuerzelt sinn, hire Vott komplett ze änneren", erkläert de Professer vun der Uni Lëtzebuerg. "Also ass dee warscheinlechste Wee zu enger demokratescher Victoire, net, datt si Republikaner mat u Bord bréngen - a virun allem net MAGA-Republikaner - mee datt si si motivéieren, dës Walen auszesetzen."

De Midterm-Countdown

Wann d'Demokraten am Kongress zu Washington d'Rudder iwwerhuelen, wäerte sech eng ganz Rei Saachen änneren. Eis an Europa géife warscheinlech virun allem d'Limitatioun vum Trump sengen Strof-Taxen concernéieren an een demokratesche Kongress géif "sécherlech och [dem President Trump] seng Méiglechkeeten aschränken, am Krich géint den Iran ze decidéieren".

"Dës Administratioun huet definitiv d'Konstitutioun net respektéiert, wann et ëm de Krich am Iran geet. Et wäert Efforte ginn, de Verdeedegungsminister Pete Hegseth ze impeachen, an net just hien", seet de Prof. Glaurdic nach mat Bléck op d'Zäit no de Midterms.

Enquêten a méi parlamentaresch Kontroll: d'Demokrate kréien no de Walen héchstwarscheinlech eng ganz Rei nei Moyenen, déi bis ewell vun de Republikaner am Kongress konnte blockéiert ginn. "Ma dat kéint [de President Trump] paradoxerweis nach méi onviraussobar maachen, wann et ëm Aussepolitik geet. Hie wäert op der Juegd sinn no nach méi Geleeënheeten, fir d'Opmierksamkeet vun der Nationaler Politik fort ze dréinen." Et sinn also net onbedéngt méi roueg Joren ze erwaarden.

Impeachment an der Loft? De Kongress kéint am Kader vum President Trump sengem Krich géint den Iran ënnert anerem de Verdeedegungsminister Pete Hegseth an d'Viséier huelen.
© AARON SCHWARTZ/AFP

Firwat sollten d'Midterms eis an Europa iwwerhaapt interesséieren?

Et gëtt eng ganz Rei Grënn, firwat d'Midterms eis och an Europa interesséiere mussen. De Professer Glaurdic gëtt Explikatiounen: "De Krich an der Ukrain ass warscheinlech dee Gréissten. Mee de Krich am Iran gëtt ganz séier zum zweetgréisste Facteur. Mir gesinn, wéi een Afloss dat op d'Energiepräisser huet, op d'Liewenskäschten. Déi Ëmstänn hunn och een Impakt op déi Leit, déi uechter Europa demonstréieren."

Et géif sech och d'Fro no der Onofhängegkeet vun Europa stellen, wat zum Beispill eis Dependance vun amerikanescher Technologie ugeet. Och investéiere Pensiounsfongen uechter Europa an den amerikanesche Marché. "An deem Sënn sinn eis Weeër ontrennbar matenee verbonnen. Mir denken do villäicht net driwwer no, mee eis Regierungen an eis Pensiounsfonge sinn investéiert. Also ass eise Succès zu engem groussen Deel och mam wirtschaftleche Succès vun den USA verbonnen."

Ma och am méi grousse Kontext: d'USA sinn nach ëmmer een Trendsetter fir de Rescht vun der Welt. Dem Trump seng Aart Politik ze maachen huet d'Politik uechter d'Welt inspiréiert. "Vum der AfD, iwwert de Front National, bis bei den Aleksandar Vučić, de Victor Orban, de Bolsonaro - se sinn all esou déif mam Trump-System, dem Trump-Orbit verbonnen. Den Niveau un Toxicitéit, déi esou uechter d'Welt verspreet gouf, ass absolutt enorm." Fir de Professer Glaurdic sinn d'Midterms an deem Sënn awer och ee Grond, optimistesch ze sinn. "Aus menger Perspektiv krute mir gutt Nouvellen, wou de Vučić an de Boslonaro verluer hunn. E bësse méi Hoffnung kënnt denken ech mat de Midterms."

Är Meenung ass gefrot!

Wann Dir op dëser Plaz keng Ëmfro gesitt, hutt Dir warscheinlech d'Cookies net acceptéiert.

Back to Top
CIM LOGO