
Nëmmen nach zwee Pilote - de Russell an den Hamilton - kënnen dem Antonelli déi fréizäiteg WM-Party nach verdierwen. Ugeholl de Russell gewënnt, da geet dem Antonelli eng 9. Plaz duer. Wann den Hamilton gewënnt, da brauch den Antonelli nëmme Plaz 10. A wa kee vu béide gewënnt, da kann den Italieener sech esouguer en Ausfall erlaben.
Am Resumé: eng Top-9-Plaz geet dem Kimi Antonelli duer, fir sech dëse Weekend zum Formel-1-Weltmeeschter ze kréinen, egal wat seng Konkurrente maachen.
Et misst also scho komesch lafen, wann hien d'Geleeënheet verpasst, fir Formel-1-Geschicht ze schreiwen. Hie géif mat 20 Joer, 2 Méint a 7 Deeg de Sebastian Vettel (23 Joer, 4 Méint an 11 Deeg) als jéngste Weltmeeschter ofléisen. An hie wier den éischten Italieener zënter dem Alberto Ascari 1953, deen den F1-Titel gewënnt.

Seng Chancë si gutt, virun allem well beim Russell net méi vill zesummeleeft. Dee krut déi lescht dräi Weekender nëmme 6 Punkte, grad esouvill wéi den Hulkenberg um Audi. Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl fënnt de Verglach e bëssen onfair, mee stellt dem Russell seng Leeschtung trotzdeem a Fro: “Wann s Du d’Aspiratioun hues, Weltmeeschter ze ginn, muss du – och wann den Antonelli besser ënnerwee ass, wéi een dat vun esou engem jonke Pilot kéint erwaarden – deem Paroli bidde kënnen, an do däi Mann kënne stoen.”
En Donneschdeg huet de Kimi Antonelli de Mediendag verpasst, well et him net gutt war. Um Freideg koum awer Entwarnung: de WM-Leader ass zeréck um Circuit!
Wa beim Championstitel d'Loft e bëssen eraus ass, gëtt et ëm de Vizechampion nach emol richteg spannend: Russell, Hamilton, Verstappen a Leclerc leien nëmmen 9 Punkten ausernee. Virun allem de Verstappen huet ee gudden Elan, obwuel Red Bull leschte Weekend net grad esou dominant war, wéi bei den zwou Coursse virdrun. Fir den Dominique Riefstahl war Austin awer éischter “ee klenge Blip” an der momentaner Red-Bull-Form a manner een Trendwiessel Richtung Mercedes.
De Mexikaner wäert op jiddwer Fall d'Loft net ausgoen. Dëst Joer fält d'Course genee op den "Dia de los Muertos", a Mexiko e grousst Volleksfest. An da freeën d'mexikanesch Fans sech natierlech op de Comeback vun hirem Lokalmatador Sergio Pérez. Dee feiert dëse Weekend esouguer säin 300. Grand-Prix. Egal op et e Sonndeg e Weltmeeschter ze feiere gëtt oder net: de Foro-Sol-Stadion wäert Kapp stoen.

Mexiko ass an der Formel 1 ëmmer en Highlight, am wuertwiertleche Sënn. Op 2.240 Meter iwwer dem Mieresspigel stellt déi aussergewéinlech Héicht d'Equippe virun eng ganz Rei technesch Erausfuerderungen.
Déi dënn Loft bedeit manner Loftwidderstand a spektakulär Topspeeds, mee och däitlech manner Ofkillung. Besonnesch d'Bremsen an d'PowerUnit kréien dat ze spieren. Wien ongeplangt an d'Box muss an e puer Sekonne stoe bleift, riskéiert, datt d'Bremse schëtzeg a Flame stinn. Och am Zweekampf kënnen d'Temperature séier kritesch ginn.
Dëst Joer kënnt wéinst den neie Motoren eng weider Schwieregkeet dobäi. Et ass keng MGU-H méi do, déi den Turbo elektresch kann undreiwen. Dat heescht, et ass een nach méi ofhängeg vun den Ofgasen, déi aus dem Motor erauskommen, fir den Turbo unzedreiwen. Wann natierlech manner Loft an de Motor erageet, da kënnt och manner Loft hannen eraus. Et dauert einfach nach méi laang bis d'Turbolach iwwerwonnen ass, an den Turbo tatsächlech Leeschtung produzéiert.
Mee d'Loft ass net dat Eenzegt, wat zu Mexico-City feelt. Duerch d'Héicht an d'Lag no beim Äquator ass och d'Schwéierkraaft méi schwaach. Op enger europäesch kalibréierter Wo kann en F1-Auto hei zwee Kilo méi liicht erschéngen. Dat ka bei der Kalibratioun fir Kappzerbrieches suergen, besonnesch wann een an der dënner Loft schlecht geschlof huet.
Fir d'Pilote läit de gréisste Problem awer beim feelenden Appui. Trotz Flilleke wéi zu Monaco produzéieren d'Autoen nëmme wéineg Downforce. Si rutschen, ginn onroueg a fillen sech ze liicht un. Den italieenesche Gummi kann hei esouguer trotz vernënftege Betribstemperaturen onerwaart ufänke mat grainen. Besonnesch an de Kéieresequenzen vu 4 bis 11 an am leschte Secteur gëtt den Temperaturmanagement entscheedend. Wien d'Pneuen net am Grëff huet, bezilt mat engem luese Stint.
Zu Mexiko gewënnt also net onbedéngt deen, deen déi meeschte Leeschtung erauskëddelt, mee deen, deen se am beschten ënner Kontroll hält. D'Loft ass hei souwisou scho rar. D'Fro ass just, wiem se als Éischten ausgeet.
