1. Fräien Training live dëse Freideg ëm 19:25 Auer op RTL ZWEE an um RTL PlayFormel 1: Grousse Präis vu Mexico-City

RTL Lëtzebuerg
Et ass wuertwiertlech den Héichpunkt vun der Saison. Kee Circuit läit nämlech esou héich wéi dee vu Mexiko. An d'Chancë sti gutt, dass dëst Joer och nach d'WM-Decisioun hei fält.

23 Joer, 4 Méint an 11 Deeg: Esou jonk war de Sebastian Vettel bei sengem éischte WM-Titel 2010. De Rekord vum jéngsten F1-Weltmeeschter wäert dëst Joer zimmlech sécher gebrach ginn, warscheinlech schonn dëse Weekend. De Kimi Antonelli ass e Sonndeg exakt 20 Joer, 2 Méint a 7 Deeg al. Him geet eng 9. Plaz duer, fir sécher Weltmeeschter ze ginn. Sidd dobäi, wann F1-Geschicht geschriwwe gëtt a suivéiert de FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY. 

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken  

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 30. Oktober 2026: 19h25 – 20h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Freideg, 30. Oktober 2026:  22h55 – 00h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 31. Oktober 2026: 18h25 – 19h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 31. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 21h55
Start vun der Qualifikatioun: 22h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 23h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 1. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 20h30
Depart vun der Course: 21h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 22h30
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2026

F1 2026 Kalenner

30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO