Formel 1D'Pole Position a Mexiko ass fir de Lewis Hamilton

Ted Koob
Vun de Plazen 2 an 3 fueren um Sonndeg den George Russell um Mercedes an dem Hamilton säin Teamkolleeg Charles Leclerc fort.
De Lewis Hamilton huet sech a Ferrari a Mexiko déi éischt Pole Position vun der Saison geséchert.
De Lewis Hamilton huet sech a Ferrari a Mexiko déi éischt Pole Position vun der Saison geséchert.
© MARCEL VAN DORST / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

Fir Ferrari war et beim Grousse Präis vu Mexico-City e gelongene Qualifying. De Lewis Hamilton konnt fir déi éischte Kéier an dëser Saison d'Pole Position fir Ferrari sécheren. Hannert dem Britt starten um Sonndeg de Russell an de Leclerc. De Kimi Antonelli, deen um Sonndeg just nach zwee Punkte brauch, fir sech de Weltmeeschtertitel ze sécheren, gouf de Fënneften. De Verstappen hat bis an déi lescht Kéier d'Chance op d'Pole, den Hollänner huet sech awer verbremst a gouf um Enn de 4.. Wéinst enger Strof start den Hollänner awer hannert dem Antonelli. D'Plaze 6 bis 8 goungen un den Norris (McLaren), den Hadjar an de Lawson. Och nach an de Q3 haten et de Lindblad an de Gasly gepackt.

Eng grouss Iwwerraschung gouf et am Q2. Den Oscar Piastri um McLaren konnt sech net fir de Q3 qualifizéieren. Sainz (Williams), Bearman (Haas) a Colapinto (Williams) hunn den Auto och an der Garage stoe gelooss. Fir béid Audi-Piloten Hülkenberg a Bortoleto war et nom Q2 och eriwwer.

De Q1 war kuerzzäiteg ënnerbrach, well den Alonso (Aston Martin) säin Auto huet missen ofstellen. Den Out war et och fir dem Alonso säin Teamkolleeg Lance Stroll. Béid Cadillac-Pilote Perez a Bottas waren och ze lues an den Albon um Williams konnt sech och net fir de Q2 qualifizéieren. Den Hirakawa, dee fir den Ocon bei Haas agesat gouf, huet säin Auto och nom Q1 ofgestallt.

Dir kënnt de Grousse Präis vu Mexico-City e Sonndeg op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren. D'Emissioun fänkt um 20:30 Auer un, d'Course ass um 21 Auer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 Kalenner Saison 2026
Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.

FORMULA 1 GRAND PREMIO DE LA CIUDAD DE MEXICO 2026

Back to Top
CIM LOGO