Méindeg de 26. Oktober moies kuerz virun 10 Auer zu Diddeleng. De Romain Louis ass um neie Kierfecht amgaangen d'Blieder zesummenzekieren. E puer honnert Meter méi erop ass eng zweet Persoun beschäftegt, d'Blieder, déi erofgefall sinn, zesummenzereechen. Duerch de Stuerm an de Ree sinn der iwwert de leschte Weekend ganz vill vun de Beem gefall. "Et war elo alles schei propper. Mee duerch dat Schmuddelwieder déi leschten dräi Deeg ass nees vill Sauerei entstanen". Vu wäitem héiert een nach eng Méimaschinn.
De Romain Louis ass Landschaftsgäertner vu Beruff. "E Landschaftsgäertner këmmert sech em d'Beem, d'Hecke planzen a schneiden. Gras aséinen a méinen". 1982 huet hien eng éischte Kéier zu Diddeleng op de Kierfechter geschafft. Wärend annerhallwem Joer. Duerno goung hien an d'Gäertnerei vun der Gemeng Diddeleng schaffen. Do gouf deemools e Gäertner gebraucht. 2010 koum de Louis’e Rom zréck op d'Kierfechter schaffen. "Du goung de Molitor’s Raym an d'Pensioun. Zanterhier sinn ech Landschaftsgäertner an Doudegriewer. Hei schafft et sech flott. Et gefält mir och extrem gutt. Et huet ee vill Kontakt mat de Leit an et ass een de ganzen Dag dobaussen".
De Romain Louis geet mat ganz vill Häerzblutt senger Aarbecht no. Wärend eisem Tournage passéiere ganz vill Leit um Kierfecht. Sief et ze Fouss oder mam Auto. Quasi all Zweeten huet eng Fro un de Romain. Sief et wéi si hiert d'Graf am beschte propper kréien, wéi een d'Beschrëftung um Graf nees an d'Rei kritt oder einfach nëmme fir nozefroen, wéi et geet. Den Doudegriewer gehéiert quasi zum Inventar vum Kierfecht an huet fir jiddereen en oppent Ouer. Moies um 7:30 Auer fänkt de Schaffdag vum Romain un.
Diddeleng huet dräi Kierfechter. Deen eelste gëtt et zanter dem Enn vum 18. Joerhonnert. Diddelenger Leit schwätzen hei vum "ale Kierfecht". Den "neie Kierfecht, Op Rellent" gëtt et zanter 1953. An da gëtt et zanter ronn 7 Joer de Bëschkierfecht um Gehaansbierg.
De Romain Louis wunnt mat senger Famill um "neie Kierfecht". Hei gëtt et eng Déngschtwunneng fir de Responsabel vun de Kierfechter. "Et ass schéi roueg hei. Do wou d'Haus steet, gesäit ee keng Griewer. Et ass wei wann ee géif an engem risege Park wunnen. Sou roueg ewéi hei kann ee bal néierens wunnen". D'Haus kann een esou ariichten, wei et engem gefält. Vum Ustrach bis d'Andeele vun de Raimlechkeeten. Den Diddelenger Doudegriewer huet nach en eegent Haus an der Rue des Minières. Dat ass am Quartier Italien an aktuell verlount. Wann de Romain an d'Pensioun geet, muss hien d'Haus um Kierfecht sengem Successeur iwwerloossen.
Dem Romain Louis no géifen ëmmer manner Leit op e klassescht Begriefnis zréckgräifen. Dat heescht, an enger Doudelued an d'Graf kommen. Dat wären der nach eng 50 pro Joer. Eng 120 Urne géife pro Joer bäigesat ginn. Dat kann an engem klassesche Graf sinn oder bei engem Steen. Op dësem steet dann nëmmen den Numm vun der Famill ouni Gebuerts- oder Stierfdatum. Dofir ass net genuch Plaz um Steen. "Bei de Steng ass quasi onendlech Plaz well mir Bio-Urne benotzen. Déi sinn aus gepresstem Mais an déi verrotte mat de Joren duerch d'Nätzt an de Wanter". Dëst erkläert mir den Diddelenger Doudegriewer. "Zanter mir de Bëschkierfecht um Gehaansbierg hunn, wëlle sech ganz vill Leit do bei de Beem verstreeë loossen. Mir si mëttlerweil beim Bam 20 an et ass eréischt zanter 2019 do op".
Da gëtt et awer och nach d'Streewiss um "neie Kierfecht" zu Diddeleng. Do ginn am Joer eng 30 Leit verstreet. Dës Plaz gëtt et zanter ugangs den 80er Joren. Iwwer den Daum goufen do bis ewell eng 900 Mënsche verstreet.
"Egal wie begruewe gëtt, muss ech ëmmer dobäi sinn", sou de Romain Louis am RTL-Interview. "No der ziviller Zeremonie oder mam Paschtouer muss ech duerno dobäi sinn, fir mat der verstuerwener Persoun bei d'Graf ze goen. Dass dat alles uerdnungsgemäss iwwer d'Bün geet. Ech sinn den Zeie fir d'Gemeng als Doudegriewer".
"Wann e jonke Mënsch begruewe gëtt, kommen ëmmer extrem vill Leit. Et gëtt och ëmmer vill gekrasch. Wann een den Job als Doudegriewer huet, muss een domadder eens ginn", erkläert de Romain Louis. "Handelt et sech ëm e Graf, wat scho besteet, muss ee kontrolléieren, ob iwwerhaapt nach eng Luet drageet. Heiansdo ass dat e Probleem, datt d'Luet net méi dra passt. Da picke mir e bëssen an de Buedem fir ze kucken, ob nach eng dra geet. Geet keng méi dran, da versiche mir de Leit ze soen, ob et net besser wär, d'Persoun anäscheren ze loossen. Wa si dat net wëllen, musse si no beim Graf en anert Graf kafen, fir dann déi Persoun do dran ze leeën".
Um "ale Kierfecht" ginn et eng 500 Griewer mat enger rouder Plackett mam Buschtaf "C" drop. Dëst si Gemengegriewer. "D’Leit wollten dat net méi an hunn der Gemeng dat erëmginn. Mir rappen awer nëmmen déi of, déi baufälleg sinn. Mir hunn nämlech och nach eidel Plazen, déi ofgerappt gi si viru Joren an déi kënne mir ëmmer profitéieren".
Reegelméisseg kommen och rout Schëlder ouni "C" mol op e Graf. Dëst bedeit, dass d'Konzessioun muss verlängert ginn. Dofir muss ee bei den Etat civil vun der Gemeng goen, fir allkéiers d'Konzessioun ëm 30 Joer ze verlängeren.
Mat der ausdrécklecher Autorisatioun vum Buergermeeschter kann een zu Diddeleng och op Wonsch hin hannert sengem Haus am Gaart verstreet ginn. Oder zum Beispill op der Haard oder um Ginzebierg. Eng hallef Dose Persounen huet de Romain Louis op des Manéier bis ewell begruewen.
De Romain Louis kéint schonn e puer Joer an der Pensioun sinn. Den Ament léiert hie säi Successeur un. An engem Joer wëll hien dann endgülteg e Schlussstréch ënnert seng Aarbecht zéien.