Op GeeschterjuegdHuet d'Stephanie Kontakt mat engem verstuerwene Kand opgeholl?

Philippe Dondelinger
Et ass roueg um Kierfecht. Siwe Leit an ee Kand sinn hei begruewen. Op eemol huet d'Stephanie e komescht Gefill: Si mengt, d'Presenz vun engem Kand ze spieren. Zoufall, Fantasie oder ass do tatsächlech eppes, wat mir net erkläre kënnen?
Huet d'Stephanie Kontakt mat engem verstuerwene Kand opgeholl?
Gëtt et e Liewen nom Doud? A kënnen déi Verstuerwe mat eis kommunizéieren? Froen, déi d'Mënschheet scho säit Joerhonnerte beschäftegen.

Op der Sich no deem Onsiichtbaren

Gëtt et e Liewen nom Doud? A kënnen déi Verstuerwe mat eis kommunizéieren? Froen, déi d'Mënschheet scho säit Joerhonnerte beschäftegen. Fir d'Stephanie ass d'Sich no Äntwerten zu enger richteger Passioun ginn.

Si ass Ghosthunterin, also Geeschterjeeërin, a beschäftegt sech mat Phenomener, déi sech op den éischte Bléck net erkläre loossen. Mat spezielle Kameraen, Géigestänn déi op Beweegung reagéieren an aneren elektroneschen Apparater probéiert si, méiglech Spuere vu paranormalen Aktivitéiten ze entdecken.

Mee kann een e Geescht iwwerhaapt moossen oder esouguer mat him schwätzen?

Wann e Petzi op eemol reagéiert

Zu hirer Ausrüstung gehéiert och en Teddybier, an deem e Beweegungsmelder agebaut ass. Sollt sech eppes a senger Géigend beweegen, kann den Apparat reagéieren.

Fir d'Stephanie sinn esou Apparater eng Méiglechkeet, mat deem Onbekannte Kontakt opzehuelen. Ob eng Reaktioun awer tatsächlech eppes mat engem Geescht ze dinn huet, ass eng ganz aner Fro.

E mysteriéise Besuch um Kierfecht

Zesumme mat hirem däitsche Kolleeg André, dee sech och mat paranormalen Ermëttlunge beschäftegt, mécht d'Stephanie sech op de Wee bei e klenge Kierfecht.

Hei sinn aacht Mënsche begruewen, dorënner och e Kand.

Nach éier si d'Griewer méi genee ënnersicht huet, mengt d'Stephanie, d'Presenz vun engem Kand ze spieren. Si seet, datt si iwwer medial Fäegkeete verfüügt an esou Saache wouerhuele kann, déi anerer net bemierken.

Kuerz drop entdeckt si tatsächlech d'Graf vun engem Kand. Ass dat just en Zoufall? Oder stécht méi dohannert?

Och Geeschterjeeër kënnen Angscht kréien

Den André erkläert, wéi si bei hire paranormalen Ermëttlunge virginn a wat si mat hiren Apparater erausfanne wëllen.

Mee muss een iwwerhaapt u Geeschter gleewen, fir esou eppes ze erliewen?

Och fir den André gëtt et Momenter, déi him net ganz geheier sinn. Hien erzielt vun engem Erliefnes, bei deem hie selwer Angscht krut.

Tëscht Glawen, Angscht an Ongewëssheet

Wëssenschaftlech Beweiser dofir, datt Verstuerwener mat de Liewege kommunizéiere kënnen, gëtt et bis haut net. Trotzdeem sinn d'Stephanie an den André faszinéiert vun der Méiglechkeet, datt et nach eppes gëtt, wat mir net verstinn.

Wat geschitt um Kierfecht? Wéi funktionéieren hir mysteriéis Apparater? A wat huet den André erlieft, datt esouguer hien Angscht krut?

Back to Top
CIM LOGO