Police confirméiert38 Joer ale Mann bei Accident zu Lëntgen ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
Den CR101 war nom Accident e Méindeg de Moien eng Zäit laang gespaart.
38 Joer ale Mann bei Accident zu Lëntgen ëm d'Liewe komm
E Méindeg de Moie kuerz viru 7 Auer ass en Auto tëscht Lëntgen a Stuppecht an e Bam gerannt.

E Méindeg de Moie kuerz viru 7 Auer ass en Auto tëscht Lëntgen a Stuppecht an e Bam gerannt. Doropshi war d'Route de Fischbach bis op Weideres gespaart ginn. Wéi d'Police an der Mëttesstonn matgedeelt huet, war den 38 Joer ale Chauffer bei der Arrivée vun de Rettungsekippen net méi uspriechbar an ass nach op der Onglécksplaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.

D'Ambulanz vu Jonglënster, d'Pompjeeë vu Lëntgen a Miersch souwéi de Samu waren am Asaz. Um 10:30 Auer war d'Streck fir de Verkéier nees op.

Déi genee Detailer fir d'Ursaach vum Accident sinn aktuell nach net gekläert. D'Police technique gouf mat den Ermëttlunge beoptraagt.

Back to Top
CIM LOGO