Sträit ëm belsche StaatsbudgetPremier Bart de Wever huet Demissioun ugebueden, Kinnek Philippe huet nach net decidéiert

RTL Lëtzebuerg
De belsche Premier Bart de Wever huet dem Kinnek Philippe seng Demissioun ugebueden. Dee léisst sech nach Zäit mat senger Decisioun, ewéi belsch Medie mellen.
De Bart de Wever ass zanter Februar 2025 belsche Premierminister.
De Bart de Wever ass zanter Februar 2025 belsche Premierminister.
© EMILE WINDAL/Belga via AFP

Hie wëll vun en Dënschdeg un d'Parteipresidente vun der Regierungskoalitioun fir d'éischt gesinn, fir bis e Freideg eventuell eng Léisung ze fannen. Grond fir dem de Wever seng Demissioun ass nämlech, datt et der belscher Regierung weiderhin net geléngt, sech iwwert e Staatsbudget eens ze ginn.

An deenen nächsten dräi Joer sollen 10 Milliarden Euro gespuert ginn. Dem Bart de Wever seng flamännesch Partei an de liberale Mouvement Réformateur wëllen heifir d'Depensen am Santéssecteur kierzen. D'Sozialisten an déi Lénksliberal fuerderen dogéint eng méi héich Verméigenssteier.

Sollt de Kinnek Philippe d'Demissioun vum Premierminister unhuelen, missten Neiwalen organiséiert ginn. Den de Wever wollt u sech spéitstens bis en Dënschdeg e Budget op d'Bee gestallt hunn.

Back to Top
CIM LOGO