"Stralungsgefor" gemelltUkrain a Russland schwätze vu géigesäitege Cyberattacken op Noutfall-Warn-Appen

RTL mat AFP
E puer Stonnen nom Enn vun der Wafferou an der Regioun Cherson gouf et souwuel vun ukrainescher, wéi och vu russescher Säit Meldunge vun Hackerattacken op déi jeeweileg Noutfall-Warn-Appen.
Op der Noutfall-Warn-App an der Ukrain goufe falsch Meldunge virun enger méiglecher "Stralungsgefor" verschéckt.
© Foto von TETIANA DZHAFAROVA / AFP

Nëmmen e puer Stonnen, nodeems d'Ukrain eng Hackerattack gemellt hat, huet Russland e Méindeg am fréie Moie matgedeelt, datt déi national Noutfall-Warn-App enger "massiver Cyberattack" ausgesat war.

De Moskauer Katastropheschutzministère huet erkläert, datt Hacker "falsch Informatiounen" an der App verëffentlecht hätten, déi dozou gedéngt hunn, d'Bevëlkerung viru méiglechen Dronenattacken an anere Menacen ze warnen. E puer Stonne virdrun hat d'Ukrain schonn de Verdacht geäussert, datt hire Loftugrëff-Warnsystem kompromettéiert gouf, nodeems d'App onbegrënnt Warnunge virun enger "Stralungsgefor" ugewisen hat.

D'Regierung zu Moskau huet an engem éischte Moment net bekannt ginn, wien hannert der Attack op hir App stécht, wärend den ukraineschen Zentrum fir strategesch Kommunikatioun SPRAVDI Russland fir d'Hackerattack responsabel gemaach huet.

D'Cyberattacke si geschitt, nodeems déi bis elo längst Wafferou vum Krich, déi op déi ostukrainesch Regioun Cherson beschränkt war, e Sonndeg op en Enn gaangen ass, well Russland ukraineschen Aussoen no eng Verlängerung ofgeleent hätt.

Back to Top
CIM LOGO