CyclocrossBei der Victoire vum Lucinda Brand fiert d'Marie Schreiber op déi 3. Plaz

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Championne ass zwee Tier un der Spëtzt gefuer, konnt déi entscheedend Attack awer net matgoen.

Bei der Generalprouf fir d'Europameeschterschaft nächste Weekend zu Zeddam an Holland stoung e Sonndeg d'Generalprouf zu Oudenaarde an der Belsch um Programm.

Bei der Victoire vun der Weltmeeschterin Lucinda Brand klasséiert sech d'Lëtzebuerger Championne Marie Schreiber op der drëtt Plaz mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 22 Sekonnen. Déi zweet Plaz ass fir d'Italieenerin Sara Casasola. Déi zweete Lëtzebuergerin um Depart, d'Maïté Barthels, fiert mat engem Retard vun iwwer 7 Minutten op déi 25. Plaz.

Bei der Hären-Elite war d'Course e bësse mei spannend. Um Enn stinn 3 Belsch um Podium. Den Thibau Nys gewënnt mat 7 Sekonne Virsprong virum Michael Vanthourenhout. Mat um Podium steet als drëtte Belsch de Gerben Kuypers.

Beim Koppenbergcross, bekannt fir säi schwéiere Parcours, louch d'Marie Schreiber nom Start op der sechster Positioun. Am Laf vum éischten Tour huet d'Lëtzebuergerin sech awer schonn no vir geschafft a louch beim éischte Passage mat 3 Sekonne Retard op der drëtter Plaz. Den zweeten Tour war e ganz séieren, virun allem well d'Marie Schreiber sech un d'Spëtzt gesat huet a den Tempo vu vir forcéiert huet. Dat hat mat sech, dass sech nieft der Lëtzebuerger Championne nach d'Sara Casasola, d'Lucinda Brand an d'Hélène Clauzel vun der Konkurrenz ofgesat hunn. Am Laf vum drëtten Tour konnt d'Franséisin d'Hélène Clauzel mam Tempo vum Marie Schreiber net méi matgoen, sou dass sech nach dräi Dammen eleng un der Spëtzt erëm fonnt hunn.

Déi entscheedend Attack gouf et am Laf vum véierten Tour. D'Weltmeeschterin Lucinda Brand huet den Tempo vu vir eropgeschrauft a relativ séier konnt d'Marie Schreiber net méi matgoen an huet misse lass loossen. Kuerz dorop konnt och déi italieenesch Landesmeeschterin Sara Casasola net méi mat halen, sou dass zu dësem Zäitpunkt eng Virentscheedung gefall ass. Beim Passage vum véierten Tour hat Marie Schreiber op der drëtter Plaz e Réckstand vun 29 Sekonnen op d'Lucinda Brand. An der Suite vun der Course huet d'Hollännerin näischt méi ubrenne gelooss an huet déi zwee leschten Tier vun der Spëtzt aus geréiert.

Um Enn gewënnt d'Weltmeeschterin mat 53 Sekonne virum Sara Casasola. D'Marie Schreiber konnt déi drëtte Plaz bis op d'Arrivée verdeedegen an hat um wäisse Stréch e Retard vun 1 Minutt a 22 Sekonnen op d'Lucinda Brand. Déi véiert Plaz war fir d'Hélène Clauzel.

Reaktioun vum Marie Schreiber
D'Lëtzebuerger Championne ass mat hirer Leeschtung zefridden a bléckt optimistesch op d'EM.

Bei de Juniore ka sech de Fransous Victor Devos d'Victoire virum Belsch Lars Peers sécheren. Als beschte Lëtzebuerger klasséiert sech de Ben Fleming mat 3:33 Minutte Retard op der 19. Plaz. De Ben Koenig fiert mat iwwer fënnef Minutte Retard op déi 38. Plaz. Bei den Damme ware 14 Leit um Depart. Hei fiert d'Sarah Koenig bei der Victoire vum Peggy Knox mat engem Retard vun iwwer 6 Minutten op déi 11. Plaz.

Reaktioun vum Ben Fleming
No gläich e puer Chutte weist sech de Lëtzebuerger no senger 19. Plaz enttäuscht.

D'U23-Course bei den Häre gouf vum Fransous Aubin Sparfel gewonnen. De Coureur vun Decathlon CMA hat op der Arrivée 33 Sekonne Virsprong op de Belsch Giel Lejeune. Beschte Lëtzebuerger war op der 12. Plaz de Lennox Papi. Um wäisse Stréch hat hien e Réckstand vun 2 Minutten an 29 Sekonnen. Den Dawson Fehlen Pereira fiert mat iwwer 7 Minutte Réckstand op déi 38. Plaz. De Rick Meylender klasséiert sech no enger schwéierer Course op der 53. Plaz.

Reaktioun vum Lennox Papi no senger 12. Plaz.
Am leschten Tour huet de Lennox Papi no 2 mei klenge Feeler eng Top 10 Placéierung verpasst.

Top 10 vun der Dammen Elite

1 BRAND Lucinda Baloise Verzekeringen - Het Poetsbureau Lions 53:29
2 CASASOLA Sara Crelan – Corendon 0:53
3 SCHREIBER Marie Team SD Worx – Protime 1:22
4 CLAUZEL Hélène 777tv CX Team 1:44
5 FOUQUENET Amandine Pauwels Sauzen - Altez Industriebouw Cycling Team 2:02
6 BETSEMA Denise De Ceuster Bouwkranen 2:06
7 ALVARADO Ceylin del Carmen Fenix-Premier Tech 2:18
8 VAN EMPEL Fem Specialized TMRW 2:43
9 ZEMANOVÁ Kristýna Crelan – Corendon 3:21
10 VAN DER HEIJDEN Inge Crelan – Corendon 3:27

Back to Top
CIM LOGO