Aus dem CGDIS-BulletinFoussgänger ugestouss, Accident duerch Handy detektéiert a Rettungshelikopter am Asaz

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS waren e Samschdeg op fënnef Accidenter geruff ginn, bei deenen am Ganzen dräi Leit blesséiert goufen.
Bei engem Accident tëscht Schwéidsbeng a Bech-Maacher koum de Rettungshelikopter an den Asaz.
© Luxembourg Air Rescue

Wéi am CGDIS-Bulletin steet, ware kuerz no 13 Auer zwee Autoen op der Aire de Wasserbillig anenee gerannt. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mäertert.

Géint 13:42 Auer goufen d'Rettungsekippe vu Keel a vun Diddeleng op Keel an d'Téitenger Strooss geruff, nodeems hei nach en Accident geschitt war.

A béide Fäll blouf et beim Materialschued.

Ee Blesséierte gouf et da géint 16 Auer bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen op der RN10 tëscht Schwéidsbeng a Bech-Maacher. Hei war de Rettungshelikopter zesumme mat den Ambulanciere vu Réimech an de Pompjeeë vu Schengen am Asaz.

Een Asaz fir d'Rettungsdéngschter vun Iechternach zesumme mat den Ambulanciere vu Jonglënster gouf et e puer Minutte méi spéit op der RN11 vu Wuelper a Richtung Lauterbuer. Hei hat en Handy en Accident detektéiert a gemellt.

Kuerz viru 16:30 Auer war zu Ielwen an der Haaptstrooss e Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn. De CGDIS mellt zwee Blesséierter, ëm déi sech d'Rettungsdéngschter vu Réiden, Stengefort a Biekerech gekëmmert hunn.

Back to Top
CIM LOGO