Interview mam Dr. Javid AbdelmoneimMSF-President lueft Generositéit vu Lëtzebuerger a schwéieren Zäite fir humanitär Hëllef

Ian Pocervina
Fanny Kinsch
Am Kader vum 40. Anniversaire vu Médecins Sans Frontières zu Lëtzebuerg huet den internationale President Dr. Javid Abdelmoneim iwwer d'Wichtegkeet vun der Solidaritéit, d'Erausfuerderunge fir d'humanitär Hëllef an d'Roll vu Lëtzebuerg geschwat.
Interview mam Dr. Javid Abdelmoneim vu Médecins Sans Frontières
MSF-President lueft Generositéit vu Lëtzebuerger a schwéieren Zäite fir humanitär Hëllef

Wat kann eng Manga-Figur enger Schoulklass zu Lëtzebuerg iwwer humanitär Medezin bäibréngen? Fir den Dr. Javid Abdelmoneim, den internationale President vu Médecins Sans Frontières (MSF), läit d'Äntwert am Kär vun der Aarbecht vun der Organisatioun: Mënschen ze hëllefen, well si Hëllef brauchen – egal, wie si sinn.

Dr Javid Abdelmoneim am RTL-Interview / Resumé: Fanny Kinsch

Am Kader vum 40. Anniversaire vun MSF Lëtzebuerg war den Dr. Abdelmoneim en Donneschdeg zu Lëtzebuerg op Besuch an huet am Cercle Cité un engem Workshop fir Schoulkanner deelgeholl.

Beim Programm "All aboard the Humanity Ship" goufe Fotoen, Geographiespiller an d'Figur Dr. Chopper aus dem Manga One Piece agesat, fir de Kanner d'Wäerter vu Mënschlechkeet a Solidaritéit méi no ze bréngen.

Am Gespréich mat RTL ass den Abdelmoneim op d'Generositéit vun de Leit zu Lëtzebuerg agaangen, awer och op déi ëmmer méi schwiereg Entscheedungen, virun deenen humanitär Organisatioune stinn.

Fir e klengt Land géif Lëtzebuerg en aussergewéinlech grousse Bäitrag leeschten, sot hien.

Besonnesch beim Sammele vu Spende géif Lëtzebuerg am internationale Reseau vun MSF ervirstiechen. Op d'Zuel vun den Awunner gekuckt, géif déi Lëtzebuerger Sektioun esouguer déi meeschte Spende sammelen.

Dat géif weisen, wéi grouss d'Generositéit vun de Lëtzebuerger wier, esou den Abdelmoneim.

Dës Ënnerstëtzung géif awer wäit iwwer de finanzielle Bäitrag erausgoen. Fir den Abdelmoneim ass en Don och en Ausdrock vum Glawen un d'Mënschlechkeet, d'Solidaritéit an d'Dignitéit vu Mënschen, déi wäit ewech liewen.

Och an der Fuerschung spillt Lëtzebuerg eng wichteg Roll. D'Fuerschungsunitéit LuxOR ass dem Abdelmoneim no ee vun den dräi wichtegste Fuerschungszentre vun MSF weltwäit.

Duerch d'Analys vun humanitäre Projeten hëlleft LuxOR den Ekippen, d'medezinesch Versuergung ze verbesseren, d'Resultater vun hirer Aarbecht ze moossen an Epidemien an d'Gesondheetsbesoine vun der Bevëlkerung besser ze verstoen. Fir eng Organisatioun, déi ënner schwierege Konditioune medezinesch Hëllef leescht, ass dës Fuerschung wichteg, fir besser entscheeden ze kënnen, wéi Patienten erreecht a behandelt ginn.

Joerzéngten u Progrès kéinte verluer goen

Ugeschwat op de weltwäite Réckgang u Support fir humanitär Aarbecht huet den Abdelmoneim tëscht der finanzieller Situatioun vun MSF an där vum humanitäre Secteur am Allgemengen ënnerscheet. Well MSF sech gréisstendeels duerch privat Spende finanzéiert, ass d'Organisatioun manner staark vun de Kierzunge vu staatlechen Hëllefe betraff.

Zu Lëtzebuerg géifen 99,9 Prozent vum Akommes aus private Spende kommen, esou den Abdelmoneim.

Dës finanziell Onofhängegkeet kéint d'Patienten awer net virun de Konsequenze schützen, wann aner Organisatiounen hir Servicer misste reduzéieren oder astellen.

Verschidden Organisatiounen, dorënner och d'Vereenten Natiounen, géifen hir Leeschtunge wéinst de Kierzungen zeréckschrauwen. Et wier absolut onméiglech, datt MSF oder eng aner eenzel Organisatioun dës Lücken eleng kéint fëllen, huet hien ënnerstrach.

Besonnesch betraff wieren d'Liewensmëttelhëllef, d'sexuell a reproduktiv Gesondheetsversuergung, d'Gesondheetsservicer fir Mammen a Kanner an d'Behandlung vun HIV, Tuberkulos a Malaria. Fortschrëtter, déi iwwer Joerzéngten am Kampf géint Krankheeten an Doudesfäll erreecht goufen, géifen doduerch nees verluer goen, huet hie gewarnt.

Eng weider Erausfuerderung wier et, d'Vertraue vun den Donateuren ze behalen. Den Abdelmoneim huet an deem Zesummenhang op déi ëffentlech Joreskonten, d'Mesurë géint Bedruch an d'Kontrollmechanisme vun der Organisatioun verwisen. Gläichzäiteg huet hien unerkannt, datt humanitär Organisatiounen an enger Zäit schaffen, an där d'Vertrauen an Institutiounen allgemeng ofhëlt.

Vertraue misst och bei de Leit opgebaut ginn, déi Hëllef kréien. Als Beispill huet hien d'Demokratesch Republik Kongo genannt. Do géifen d'Leit gesinn, wéi d'international Gemeinschaft bei engem Ebola-Ausbroch séier a mat groussem Asaz reagéiert.

An de Joren tëscht den Ausbréch, an deenen d'Bevëlkerung ënner Gewalt an enger schlechter Gesondheetsversuergung leit, géife si sech dogéint am Stach gelooss fillen.

D'Leit hätten den Hëllefsorganisatiounen deemno virgeworf, si géife sech just fir si interesséieren, wann Ebola do wier, well si fäerten, selwer betraff ze sinn. Soubal d'Krankheet fort wier, géife si sech net méi ëm d'Bevëlkerung këmmeren.

Dëse Mangel u Vertraue wier fir den Abdelmoneim verständlech.

Krisen, déi net an de Schlagzeile stinn

MSF ass dem Abdelmoneim no an ongeféier 70 Länner aktiv. D'Organisatioun reagéiert dobäi souwuel op akut Noutsituatioune wéi och op Krisen, déi sech iwwer Joren hinzéien.

Besonnesch d'Situatioun am Sudan misst vill méi Opmierksamkeet kréien, huet hien ënnerstrach. D'Kris am Sudan géif net esou dacks an de Schlagzeilen opdauchen, wéi et néideg wier. Dobäi wier et eng enorm Kris, wann ee kuckt, wéi vill Mënschen dovu betraff sinn.

Och op déi westlech Sahelzon huet den Abdelmoneim opmierksam gemaach. Do géifen arméiert Konflikter, Dréchenten, schlecht Recolten an e Mangel u Liewensmëttel zesummekommen.

Dës Problemer géife sech géigesäiteg verstäerken, zu Ënnerernierung féieren an d'Aarmut weider verschäerfen. Trotzdeem géifen dës Krisen an der Ëffentlechkeet net genuch Opmierksamkeet kréien.

An all dëse Situatioune bleift d'Haaptzil vun MSF, de Mënsche medezinesch Hëllef ze leeschten. Arméiert Konflikter géifen dës Aarbecht awer besonnesch schwiereg a geféierlech maachen, sou de President vun MSF.

Konflikter wieren ëmmer d'Resultat vu mënschlechen Entscheedungen, an eigentlech missten d'Mënsche besser sinn ewéi dat, sot den Abdelmoneim.

Reegelen, déi d'Zivilbevëlkerung, medezinescht Personal a Gesondheetsariichtunge schütze sollen, géifen ëmmer manner respektéiert ginn. Doduerch géif humanitär Hëllef net nëmme méi geféierlech a komplizéiert, mee och méi deier ginn.

Dat géif eng schwiereg Fro opwerfen: Wéini sollen humanitär Organisatiounen hire Schwéierpunkt vun der direkter Hëllef op d'ëffentlecht Uschwätze vun den Ursaache vum Leed verlageren?

Den Abdelmoneim huet zouginn, datt dës Fro hien heiansdo de Schlof kascht. Et wier e stännegt Ofweien tëscht der direkter Behandlung vu Mënschen an dem Ofweie vun den Entscheedungen, déi hiert Leed weider verlängeren.

A Gaza wier et senger Meenung no onméiglech, déi zwou Saache vuneneen ze trennen. Fir medezinesch Hëllef kënnen ze leeschten, misst MSF och ëffentlech op d'Hindernisser opmierksam maachen, déi dës Hëllef erschwéieren.

Hien huet Israel virgeworf, déi humanitär Hëllef ze behënneren, déi no der Zerstéierung vum Gesondheetssystem dréngend néideg wier. Och d'Bezeechnung vun der aktueller Situatioun als Wafferou huet hien a Fro gestallt.

Et misst een d'Verantwortung iwwerhuelen a kloer soen, wat gesot misst ginn, huet den Abdelmoneim betount. MSF géif sech do net zeréckhalen.

Eng Lektioun vum Dr. Chopper

Zeréck an der Welt vu One Piece an dem Schülerworkshop gëtt de Message vun MSF méi einfach duergestallt.

Den Dr. Chopper huet d'Zil, all Mënsch ze heelen, onofhängeg dovun, wie seng Patiente sinn. Fir den Abdelmoneim entsprécht dat genee dem Prinzip vun der Onparteilechkeet, no deem MSF schafft.

D'Zesummenaarbecht ronderëm d'Manga-Figur ass duerch eng Mataarbechterin vun MSF entstanen, déi a Japan opgewuess ass an d'Gemeinsamkeeten tëscht dem Chopper senger Astellung an de Wäerter vun der Organisatioun erkannt huet.

Den Abdelmoneim huet zouginn, datt hien de Manga virdrun net kannt hätt. De Lien tëscht der Figur an der humanitärer Aarbecht wier him awer séier kloer ginn.

Fir d'Kanner, déi um Workshop deelgeholl hunn, hofft hien, datt virun allem een einfache Message hänke bleift: Jidderee ka Solidaritéit weisen an anere Mënschen hëllefen.

An dat kann net nëmmen deene Leit eppes Guddes doen, déi Hëllef kréien, mee och deenen, déi se leeschten.

Mir wieren all Mënschen, déi zesummen op dëser Welt liewen, an et wier eppes Schéines, eppes fir anerer ze maachen, esou den Abdelmoneim.

Back to Top
CIM LOGO