
An der Bundesliga goufen et e Samschdeg ënner anerem Victoirë fir Leipzig, Stuttgart a Bremen. Den Enzo Duarte stoung beim Klassiker tëscht Bayern an Dortmund bei de Gäscht net am Kader.
An den aneren europäeschen Top-Ligen hu Manchester United a Manchester City allebéid verluer, wärend Atlético Madrid déi nächst Victoire feiere konnt.
E Samschdeg gouf et an der 3. Liga an Däitschland eng Defaite fir Hansa Rostock mam Florian Bohnert. No 1:0-Féierung auswäerts zu Regensburg huet ee sech no enger rouder Kaart an der 45. Minutt nach mussen 1:2 geschloe ginn. De Bohnert stoung am Kader, koum awer net zum Asaz.
A Georgien hunn Dinamo Tbilisi an Iberia 1999 am Spëtzematch vum 31. Spilldag 0:0 gläichgespillt. De Vahid Selimovic stoung bei de Gäscht 90 Minutten iwwer um Terrain a krut no 36 Minutten eng giel Kaart. Iberia verdeedegt domat déi 2. Plaz an der Tabell, dat mat engem Punkt Avance op Tbilisi.
An der franséischer Ligue 2 huet Metz e Freideg den Owend 1:3 géint Pau verluer. Am 4. Match ënnert dem neien Trainer Grégory Piment, dee jo de Luc Holtz ersat hat, ass et domat déi 2. Defaite. Den Hamza Kadamani gouf bei Metz no 79 Minutten beim Score vun 1:3 agewiesselt.