Futtball-Championnat: BGL LigueDéifferdeng klappt d'Jeunesse, Diddeleng wënnt géint Rouspert

RTL Lëtzebuerg
Am fréien Owend sinn ënner anerem nach d'Matcher tëscht Stroossen a Käerjeng an och tëscht Biissen an Ettelbréck.
© Val Wagner

E Samschdeg steet an der BGL Ligue den 12. Spilldag um Programm. An deenen zwee fréie Matcher goufen et souverän Succèse fir Déifferdeng a Diddeleng.

Op der Grenz konnt Déifferdeng sech 3:0 géint d'Jeunesse duerchsetzen. Déifferdeng war vun Ufank un hellwaakreg an ass schonn no 3 Minutten duerch de Sunday a Féierung gaangen. Och an der Suite haten d'Visiteuren de Match zu Esch gréisstendeels am Grëff, dat allerdéngs ouni sech allze vill kloer Occasiounen erauszespillen. Kuerz virum Säitewiessel huet de Sunday du mat enger Flank de Benedict fonnt, dee per Kapp op 2:0 erhéije konnt. Och no der Paus huet Déifferdeng d'Kontroll vum Match net ofginn a weider no vir gespillt, soudass den Abreu eng Véierelsstonn viru Schluss mat engem schéine Volley den Deckel dropmaache konnt. Déifferdeng iwwerhëlt domat op d'mannst fir e puer Stonnen d'Tabelleféierung.

An och Diddeleng huet sech doheem souverän mat 3:0 géint Rouspert behaapt. Schonn no 6 Minutten huet den Azong den F91 no engem Corner a Féierung bruecht. D'Diddelenger hunn d'Partie dominéiert a konnte sech am éischten Duerchgang eng ganz Partie Geleeënheeten erausspillen, déi si awer ongenotzt gelooss hunn. Kuerz virun der Paus huet de Correia Mendes awer dunn den 2:0 nogeluecht an domat scho fir d'Virentscheedung gesuergt, well bei der Victoria och am zweeten Duerchgang offensiv net vill zesummegelaf ass. De Solomon huet e puer Minutte viru Schluss den drëtte Gol fir d'Haushäre markéiert.

Déi aner Matcher ginn um 18:00 Auer ugepaff. Ënner anerem trëfft Stroossen op Käerjeng, Biissen spillt géint Ettelbréck an Hesper ass op Besuch zu Nidderkuer.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO