BGL Ligue an der RTL Live ArenaDe Match Biissen-Ettelbréck vun 18:00 Auer un am Livestream a Liveticker

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gëtt de kompletten 12. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat gespillt.

De Match Phare vum 12. Spilldag an der BGL Ligue ass d'Partie tëscht dem Champion Biissen an dem Opsteiger Etzella Ettelbréck. D'Partie gëtt um 18:00 Auer ugepaff a gëtt mat Commentaire an der RTL Live Arena iwwerdroen.

Den Optakt vum 12. Spilldag maachen um 16:00 Auer d'Partien tëscht der Jeunesse an Déifferdeng an tëscht Diddeleng a Rouspert. Déi aner Partië ginn um 18:00 Auer ugepaff.

All d'Matcher ginn an der RTL Live Arena gewisen an och am Liveticker op RTL.lu kënnt Dir live mat dobäi sinn.

Hei fannt Dir d'Kadere vun den Ekippen.


Commentaire: Gilles Tricca a Sam Rickal
Start vum Stream: 17.55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 20.15 Auer
________________________________________________

D'Resultater an d'Tabell

Back to Top
CIM LOGO