Am Futsal ass Déifferdeng e Freideg den Owend an der Haaptronn vun der Champions League eliminéiert ginn. De Lëtzebuerger Champion huet sech zu Uewerkuer mat 4:7 géint Zalgiris aus Litauen misse geschloe ginn. No enger Victoire an zwou Néierlagen an der Haaptronn gëtt een um Enn Gruppendrëtten. Nëmmen deen Éischten huet sech fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert.
Schonns éier de Ball virum leschte Match vun deenen Déifferdenger gerullt ass, war kloer: Fir den FC Déifferdeng 03 ass d'Championsleague-Aventure no der Gruppephas eriwwer. Trotzdeem wollt ee sech virun eegenem Public nach eng Kéier vun der beschter Säit weisen.
D'Campagne hat fir de Lëtzebuerger Champion richteg gutt ugefaangen. Am éischte Match gouf et eng Victoire géint Doukas aus Griichenland. Am zweete Match hat een du géint Unisport verluer. Am leschte Match huet ee misse géint den Tabellenéischte virun dësem leschte Spilldag untrieden. Déifferdeng war well eliminéiert. Fir Zagiris aus Litauen war et dogéint e Match, deen een huet misse gewannen, fir Gruppenéischten ze bleiwen. An dat sollt geléngen. Um Enn huet den FCD03 mat 4:7 de Kierzere gezunn.
Trotz der Eliminatioun ass een op Déifferdenger Säit frou, datt een de Lëtzebuerger Futsal op europäeschem Plang konnt vertrieden. Nëmme mat der Hëllef vum 1. FC Gruefwiss an dem Progrès Nidderkuer, déi sech gemellt haten, fir als Benevoller ze hëllefen, konnt een déi sechs Matcher zu Déifferdeng organiséieren. Deemno weist och dës Champions-League-Campagne wéi enk een am Lëtzebuerger Futsal zesummeschafft. An da wäert een och déi nächst Joren nees alles drusetzen, fir de Sprong aus der Gruppephas an d'Aachtelsfinallen ze packen.