BundesligaStuttgart klappt Leverkusen, Leipzig wënnt géint Schalke

RTL Lëtzebuerg
Donieft konnt Bremen Hoffenheim klappen, Mönchengladbach a Paderborn hu sech 0:0 getrennt an Augsburg huet géint Freiburg verluer.
4 Goler konnt Stuttgart e Samschdeg zu Leverkusen feieren.
© SASCHA SCHUERMANN / AFP

An der däitscher Bundesliga war e Samschdeg de Mëtteg d'Suite vum 8. Spilldag. Leverkusen huet géint Stuttgart de Kierzere gezunn, RB Leipzig konnt Schalke klappen a Bremen huet sech géint Hoffenheim duerchgesat. Donieft hu Gladbach a Paderborn 0:0 gläichgespillt a Freiburg huet zu Augsburg gewonnen.

Leverkusen huet sech doheem mussen 2:4 géint Stuttgart geschloe ginn. Mat der éischter Chance vum Match konnt den Demirovic de VfB schonn no enger Véierelsstonn a Féierung schéissen, kuerz drop huet de Leweling no Corner op 2:0 erhéicht. D'Lokalekipp ass awer drubliwwen a konnt just 6 Minutten dono duerch e Kappball vum Schick verkierzen. An der Suite war et dunn eng ausgeglache Partie, kuerz no der Paus huet den El Khannouss awer mat engem stramme Schoss aus gutt 16 Meter op 3:1 gestallt. Eng Véierelsstonn drop huet den Demirovic nach een dropgeluecht an domat scho fir d'Virentscheedung gesuergt. De Maza huet an der 79. Minutt nach verkierzt. Fir Bayer ass et domat déi zweet Liga-Defaite um Stéck, Stuttgart ka sech dogéint no zwou Defaiten nees iwwer 3 Punkte freeën.

Schalke bleift an der Bundesliga doheem weider ouni Gol a verléiert 0:2 géint RB Leipzig. Knapp 10 Minutte virun der Paus gouf et no engem Foul um Romulo Eelefmeter fir RB, deen de Nusa sécher verwandele konnt. An der Nospillzäit vum éischten Duerchgang huet de Romulo nach een dropgesat, dee Gol gouf awer annuléiert, well de Ball virdru schonn am Aus war. Am zweeten Duerchgang hunn d'Spectateuren du ganz wéineg Chancen ze gesi kritt, 10 Minutte viru Schluss huet de Romulo d'Partie awer mam 2:0 decidéiert.

Mönchengladbach ass iwwerdeems net iwwert en 0:0 géint den Opsteiger Paderborn erauskomm a bleift domat Tabelleleschten. An engem Match mat wéinege kloren Occasiounen ass d'Borussia an der 35. Minutt a Féierung gaangen, de Gol gouf awer no VAR-Agrëff wéinst engem Foul um Paderborner Golkipp annuléiert. An der zweeter Hallschent ware béid Ekippen dunn offensiv nach méi ongeféierlech wéi virun der Paus, soudass et um Enn bei engem gerechten 0:0 bliwwen ass.

Donieft huet Bremen sech 2:0 géint Hoffenheim duerchgesat an Augsburg huet beim 1:2 géint Freiburg de Kierzere gezunn.

Den Owend ass dann um 18:30 Auer nach de Spëtzematch tëscht Bayern München a Borussia Dortmund.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO