Den Iwwerbléck vum internationale FuttballChelsea klappt Manchester United, Atlético wënnt géint Levante

RTL Lëtzebuerg
An der Premier League huet Brighton & Hove Albion sech donieft 1:0 géint Manchester City duerchgesat. D'AS Roum konnt souverän zu Udine gewannen.
De Morgan Rogers huet d'Blues géint Manchester United a Féierung bruecht.
© GLYN KIRK / AFP

An der Bundesliga gouf et e Samschdeg ënner anerem eng batter Defaite fir Leverkusen, wärend RB Leipzig sech géint Schalke behaapt huet. Tëscht Bayern an Dortmund gouf et en 2:2-Remis.

Bei de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland gouf et a Georgien ë.a. en 0:0-Remis fir dem Vahid Selimovic an Iberia bei Dinamo Tbilisi.

Premier League

Chelsea - Manchester United 2:0
1:0 Rogers (50'), 2:0 Palmer (64', Eelefmeter)

No enger ausgeglachener éischter Hallschent, an där Manchester United iwwer Konter déi besser Geleeënheeten hat, konnt de Rogers kuerz nom Säitewiessel den 1:0 fir Chelsea markéieren. An der Suite sollt et dunn nach méi déck fir d'Red Devils kommen. De Martinez gouf no engem Foul am Strofraum vum Terrain gestallt, an de Palmer huet de fällegen Eelefmeter zum 2:0 verwandelt. Mat deem Gol war d'Partie schonn eng hallef Stonn viru Schluss entscheet, woumat d'Ekipp vum Michael Carrick elo zanter 9 Matcher net méi gewonnen huet.

Manchester City - Brighton & Hove Albion 0:1
0:1 Ayari (11')

No der fréier Féierung fir d'Gäscht hunn d'Citizens d'Partie am éischten Duerchgang kontrolléiert, ouni dobäi awer wierklech geféierlech ze ginn. No der Paus ass d'Lokalekipp du méi geféierlech ginn an hat direkt e puer gutt Chancen op den 1:1, d'Sky Blues hunn de Ball awer net laanscht de Verbruggen am Gol vu Brighton kritt. D'Gäscht sinn iwwerdeems ëmmer nees duerch Konter geféierlech ginn, ma och bei hinnen huet et un der leschter Prezisioun gefeelt. Um Enn ka Brighton sech domat iwwert déi éischt Auswäertsvictoire jeemools bei ManCity freeën. Et ass och de 5. Premier-League-Match hannerteneen, an deem Manchester City sech géint Brighton net duerchsetze konnt.

Tottenham Hotspur - Crystal Palace 2:0
1:0 Gray (25'), 2:0 van Hecke (73')

Fir Tottenham geet et weider biergop. Géint Crystal Palace huet d'Heemekipp vun enger fréier rouder Kaart fir de Mateta (13. Minutt) profitéiert a goung an der 25. Minutt a Féierung. Eng souverän Leeschtung an e weidere Gol an der 2. Hallschent sinn duergaange, fir déi 3 Punkten doheem ze halen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Udinese - AS Roum 2:5
0:1 Cristante (10'), 0:2 Mora (31'), 0:3 Malen (33'), 0:4 Ndicka (37'), 1:4 Zaniolo (50'), 2:4 Palma (78'), 2:5 Ghilardi (90+2')

Roum bleift no der klorer Victoire zu Udine um Spëtzenduo Lazio an Inter Mailand drun. Schonns an der éischter Hallschent hunn d'Gäscht véier Goler markéiert a fir d'Virentscheedung gesuergt. Cristante, Mora, Malen an Ndicka haten d'Goler markéiert. D'Heemekipp huet no der Paus en anert Gesiicht gewisen a konnt an der 50. Minutt duerch den Zaniolo op 1:4 verkierzen. An der Suite blouf et méi roueg, éier an der Schlussphas béid Ekippen nach eemol markéiert hunn.

AC Mailand - Inter 20:45 Auer

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

La Liga

Levante - Atlético Madrid 0:2
0:1 Grimaldo (36'), 0:2 Simeone (62')

Atlético Madrid huet de Match virun der Paus kontrolléiert a konnt duerch de Grimaldo verdéngt a Féierung goen. Nom Säitewiessel ass Levante du besser ginn, no enger Stonn huet de Simeone awer op 2:0 erhéicht. Dëse Score hunn d'Colchoneros um Enn iwwer d'Zäit bruecht, woumat si op d'mannst bis e Samschdeg den Owend spueneschen Tabelleleader sinn.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO