FloridaNéng Doudeger, nodeems Privatjet erofgefall ass

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass am US-Bundesstaat ee private Fliger erofgefall. Kee vun den néng Passagéier huet iwwerlieft.
Florida: Néng Doudeger, nodeems Privatjet erofgefall ass
E Sonndeg ass am US-Bundesstaat ee private Fliger erofgefall. Kee vun den néng Passagéier huet iwwerlieft.

Am US-Bundesstaat Florida sinn op d'mannst néng Mënsche beim Accident vun engem Privatjet ëm d'Liewe komm. De "Learjet 60" war aus Texas ënnerwee op d'Bahamas an ass e Sonndeg am Landkrees Palm Beach County erofgefall, wéi de Verkéiersminister Sean Duffy matgedeelt huet. All néng Mënschen u Bord vun der Maschinn sinn ëm d'Liewe komm.

Den Duffy huet dobäi vun enger "fuerchtbarer Tragedie" geschwat. Den Accident ass ëm 12:50 Auer Lokalzäit net wäit vu Cresthaven geschitt, enger Gemeng am Palm Beach County. D'US-Loftfaartagence FAA huet eegenen Aussoen no zesumme mam National Transportation Safety Board Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Online zirkuléieren zanterhier eng Rei Opnamen, op deenen ze gesinn ass, wéi ee Fliger quasi riicht an immens séier op eng vill beschäftegt Strooss fält an explodéiert. Am Buedem ass duerno ee relativ grousse Krater ze gesinn.

Am Palm Beach County ass och d'Privatresidence vum US-President Donald Trump Mar-a-Lago. No den Informatioune vum lokale Sheriff ass d'Onglécksplaz just zéng Kilometer Loftlinn vu Mar-a-Lago fort. Den Trump, dee weekends méi dacks a senger Residence ass, hätt se schonn am fréie Mëtteg verlooss gehat.

Back to Top
CIM LOGO