BangladeschAarbechter aus Textilindustrie streiken a fuerderen Hausse vu Mindestloun

RTL mat AFP
A méi wéi 500 Fabricke ronderëm d'Haaptstad sinn a Bangladesch e Méindeg Dausende vun Textilaarbechter op d'Strooss gaangen, fir sech fir besser Aarbechts- a Liewensbedéngungen anzesetzen.
Police manage crowds as garment workers block a road during a protest calling for higher minimum wages in Dhaka on Sunday
D'Police huet probéiert, d'Demonstranten an der Haaptstad Dhaka zréckzehalen an huet zäitweis Tréinegas agesat.
© AFP

Dausende vun Textilaarbechter hunn e Méindeg de Moien am Bangladesch eng wichteg Autobunn blockéiert a sinn zum Deel mat der Police unenee geroden. Si fuerderen eng Hausse vum Mindestloun ëm méi wéi dat Duebelt, wärend a villen Industriezonen am Land gestreikt gëtt. Bangladesch ass no China den zweetgréisste Kleeder-Exporteur vun der Welt a produzéiert Kleedung fir e puer vun de gréissten internationale Marken.

Honnert vun Aarbechter hunn zu Gazipur, nërdlech vun der Haaptstad Dhaka, d'Autobunn Dhaka-Tangail blockéiert an dobäi eng Rei Autoe beschiedegt. Och am Bezierk Mirpur si gréisser Gruppen op d'Strooss gaangen, wou d'Police AFP-Informatiounen no d'Demonstrante mat Tréinegas ausernee gedriwwen huet.

D'Protester sinn ausgebrach, obwuel d'Regierung e Sonndeg annoncéiert hat, eng Delegatioun anzeriichten, déi de Mindestloun an der wichteger Kleederindustrie iwwerpréiwe soll, déi Millioune vu Mënsche beschäftegt an e Groussdeel vum Exportakommes vu Bangladesch ausmécht. D'Leader vun de Gewerkschafte soen awer, datt d'Reklamatioune vun den Aarbechter iwwer d'Formatioun vun enger Delegatioun erausginn an hunn dobäi op d'Inflatioun an op d'Hausse vun den Ausgabe vum Staat opmierksam gemaach.

D'Demonstrante fuerderen e Salaire pro Mount vun 30.000 Taka, wat ëmgerechent ronn 216 Euro sinn an domat méi wéi dat Duebelt vum aktuelle Loun vu ronn 13.000 Taka, deen d'Textilaarbechter de Moment kréien.

De Premier Tarique Rahman huet e Sonndeg eng Krisesëtzung aberuff. "De Premierminister huet eis ugestallt, d'Rechter vun den Aarbechter sécherzestellen an hire Liewensstandard ze verbesseren. Hien huet eis donieft ugewisen, dofir ze suergen, datt Produktioun an Export ongehënnert weiderlafen", huet den Inneminister Salahuddin Ahemd no der Sëtzung erkläert.

De Kamrul Hasan, Generalsekretär vun der "Ekota Garments Sramik Federation" huet der AFP gesot, datt sech e puer vun de Gewerkschaftscheffe verstoppt hätten. "Och mir waren op dës Onroue net preparéiert, well d'Delegatioun scho forméiert gi war. Ma d'Aarbechter protestéieren elo wéinst dem Salaire an aneren ongeléiste Probleemer."

Vertrieder vun der Industrie, déi anonym bleiwe wollten, hu confirméiert, datt Aarbechter aus op d'mannst 529 Fabricken an den Industriegebitter ronderëm Dhaka, dorënner Savar, Ashulia, Jirani a Gazipur, e Sonndeg hir Aarbechtsplaze verlooss hätten.

Back to Top
CIM LOGO