An der Traditioun vun de SteemetzerD'Fräimaurerei zu Lëtzebuerg feiert 250. Gebuertsdag

Marc Hoscheid
Et géing een dorunner schaffen, besser Mënschen ze ginn. Déi vill Mythe ronderëm d'Gemeinschaft hätten iwwerdeems näischt mat der Realitéit ze doen.
De Groussmeeschter Jean-Jacques Rauchs (lénks) a säin Adjoint Romain Bis.
De Groussmeeschter Jean-Jacques Rauchs (lénks) a säin Adjoint Romain Bis.
© Marc Hoscheid

D'Fräimaurerei dierft ville Leit ee Begrëff sinn, och wa wuel just déi mannst sech wierklech eppes Konkretes dorënner virstelle kënnen. Dat läit virop dorunner, datt d'Fräimaurer selwer an der Ëffentlechkeet net ganz vill iwwert hier Aktivitéite schwätzen. Dëst Joer feiert déi Lëtzebuerger Fräimaurerei hiren 250. Gebuertsdag an an deem Kader huet de Marc Hoscheid en Interview mat de Responsabele vun der Grande Loge de Luxembourg gefouert.

250 Joer Fräimauererei zu Lëtzebuerg / Reportage: Marc Hoscheid

Hiren Ursprong huet d'Fräimaurerei an deene Vereenegunge vu Steemetzer, och nach Gilden genannt, déi am Mëttelalter um Bau vun de Kathedrale bedeelegt waren. Wéi déi Aktivitéit ëmmer méi nogelooss huet, hu se sech och fir aner Beruffsgruppen opgemaach. Zu Lëtzebuerg ass 1776 déi éischt Loge vun enger éisträichescher Garnisoun gegrënnt ginn. Bis haut spillen déi humanistesch Wäerter vun der Opklärung, wéi zum Beispill Fräiheet, Toleranz a Bridderlechkeet eng wichteg Roll. De Grand Maître Jean-Jacques Rauchs erkläert, wat dat fir den eenzele Member bedeit.

"Mir sinn eng Société initiatique, dat heescht, mir adoptéieren eis Memberen iwwert eng Initiatioun a mir zilen eigentlech dorobber eraus, fir e Perfectionnement moral a spirituel un eis selwer ze maachen. Dat heescht, d'Fräimaurerei ass eigentlech d'Verbesserung vum Mënsch selwer, mir schaffen dorunner. Mir hunn och Symboler, eise Symbol ass de Steen, de raue Steen."

Et wier kloer, datt een ni Perfektioun erreeche kéint, mee trotzdeem géing een op dat Zil hischaffen. Dofir géing ee bei de Reunioune symbolesch Aarbechte mam historeschen Handwierksgeschier duerchféieren. De Grand Maître adjoint Romain Bis beschreift, wéi ee sech dat virstelle muss:

"Dat Geschier, dat et gëtt aus der Maçonnerie, dat operatiivt Geschier, datt een deem eng méi philosophesch Bedeitung gëtt. Mir notzen de rechte Wénkel net, fir elo de Steen ze moossen, ass en am rechte Wénkel, mä de rechte Wénkel ass symbolesch dofir, datt een um rechte Wee ass, de rechte Wénkel vu sech selwer huet. Oder den Zierkel steet fir den oppene Geescht, alles esou wäit wéi méiglech ze ëmfaassen, inklusiv ze sinn an net exklusiv ze sinn."

Och wann een inklusiv wëllt sinn, ass et trotzdeem guer net sou einfach, fir Member ze ginn. De Beruff ass zwar egal, mee zwou Viraussetzunge mussen erfëllt sinn: Et muss een ee Mann sinn an op d'mannst 24 Joer hunn. Mä domadder ass et nach laang net gedoen. Nodeems de Kandidat seng Demande eragereecht huet, gëtt nämlech iwwerpréift, ob hien och déi richteg Astellung mat sech bréngt, sief et duerch direkt Gespréicher oder och Recherchen am Internet an dee Prozess kann alt emol gäre méi wéi ee Joer daueren. Wann ee bis Member ass, dierf een dat no bausse matdeelen, et dierf een awer net vun anere Leit soen, datt se Member sinn. Well d'Fräimaurer an der Ëffentlechkeet net vill vun hiren Aktivitéite schwätzen, sinn am Laf vun der Zäit eng Partie Verschwörungstheorien entstanen, deenen no d'Fräimaurer un enger neier Weltuerdnung schaffen. Dem Jean-Jacques Rauchs no ass do awer näischt drun.

"Mir si keng Société secrète, mir sinn e bëssi diskret. Mä doduerch, datt mer, wéi Der richteg sot, e bëssi méi zeréckgezu sinn, integréiert dat dann oft d'Leit. Et gëtt ganz séier iwwert Konspiratioun geschwat, mee do kann ech awer wierklech soen, mir hu mat Konspiratioun näischt ze dinn."

Et kann een zwar Member an enger politescher Partei sinn, virausgesat se ass mat de Wäerter vun de Fräimaurer kompatibel, an enger Relioun ugehéieren, mä iwwert déi alldeeglech Politik an d'Relioun gëtt am Prinzip net diskutéiert, just iwwert ganz prinzipiell philosophesch Froen. D'Grande Loge hëlt dann och keng politesch Positiounen, déi se no bausse vertrëtt.

Dono gefrot, wat een an Zukunft ännere wëllt, seet de Jean-Jacques Rauchs, et géing ee sech zwar ëmmer nees selwer hannerfroen, mä dem Zäitgeescht wéilt ee sech trotzdeem net ze vill upassen.

"Mir sinn hei an enger Gesellschaft, wou eng Surabondance vun Informatioune sinn. Wou ee muss direkt reagéieren, esou séier reagéieren, datt ee mol net nogeduecht huet, wann een eppes seet. A mir wëllen de Leit just e bëssi Rou ginn an eisen Aarbechten, wou se sech e bëssi kënnen zeréckleeën, bëssi d'Saachen an der Perspektiv kucken, net mussen direkt reagéieren. Dofir menge mer, dee Wee, fir lo net direkt am Hype vun de soziale Medie matzemaachen, wier eigentlech dee richtegen, mir wëllen eigentlech déi aner Richtung e bëssi propagéieren."

D'Grande Loge de Luxembourg huet eng 400 Memberen, déi sech op sechs Loge verdeelen, a véier gëtt Franséisch geschwat, an enger Däitsch an an enger Englesch. Et gëtt zu Lëtzebuerg mam Grand Orient de Luxembourg awer nach eng aner Groussloge. Dës ass méi liberal agestallt, hei kënnen zum Beispill Frae Member ginn a se bezitt Positioun zu politeschen Themen.

Back to Top
CIM LOGO