
De Juan Atkins ass am Alter vu 64 Joer gestuerwen. De Museker, Producer an DJ war als Matbegrënner vum sougenannten "Detroit Techno" ee vun de wichtegste Vertrieder vun der Museksrichtung Techno. Ënner sëllege Pseudonymmen, wéi Modell 500 oder Infiniti, huet den Atkins Musek produzéiert a verëffentlecht.
Als Bedreiwer vum Metroplex-Label ass hien als "Godfather" vum Techno bezeechent ginn. Schonn als klengt Kand hat hie sech fir Musek interesséiert a mat 15 Joer säin éischte Synthesizer kritt. Seng futuristesch Musek war inspiréiert vu Gruppe wéi beispillsweis Kraftwerk. Zesumme mat senge Klassekomerode Kevin Saunderson an Derrick May hat den Atkins de Grupp "The Belleville Three" forméiert, deen als Fondateur vum Museksgenre ugesi gëtt.
Dem Juan Atkins gëtt och zougeschriwwen, mat sengem Album "Techno! The new Dance Sound of Detroit" de Begrëff Techno fir déi Zort Musek erfonnt a gepräägt ze hunn. De 64 Joer ale Museker war e Sonndeg dout an engem Hotelszëmmer zu Mexiko-City fonnt ginn. Dem Derrick May no wier den Atkins jorelaang krank gewiescht.