Um SteierFoussgängerin am Tunnel Grouft a verschidde aner Verstéiss géint de Code de la route

Kyra Feiereisen
E Sonndeg an e Méindeg goufen et eng Réi Verstéiss op de Stroossen.
© Laurent Weber

E Méindeg géint 4 Auer moies gouf der Police eng Foussgängerin op der A7 am Tunnel Grouft gemellt. Eng Patrull huet sech direkt op d'Plaz gemaach a konnt d'Fra a Sécherheet bréngen. Si war als Bäifuererin an engem Auto ënnerwee gewiescht an no engem Sträit mam Chauffer aus dem Gefier geklommen.

Den Auto an de Chauffer konnten duerno op enger Tankstell zu Luerenzweiler lokaliséiert ginn. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Mann kee Führerschäin hat. Et gouf e Protokoll ausgestallt.

Ronn zwou Stonne méi spéit gouf op der A7 a Richtung Norden en Auto gemellt, deen am Zickzack ënnerwee war an am Tunnel Grouft bal géint eng Mauer gefuer wier. Eng Policepatrull konnt de Chauffer stoppen an eng Kontroll duerchféieren. Den Alkoholtest war positiv, soudatt dem Mann de Führerschäi provisoresch ofgeholl gouf. Och an dësem Fall gouf e Protokoll ausgestallt.

Weider Virfäll schonn e Sonndeg

Schonn e Sonndeg hat d'Police et mat enger Rei Automobilisten ze dinn, déi ënner Alkoholafloss stoungen.

Géint 16 Auer huet eng Patrull op der Route de Kayl zu Diddeleng en Auto ouni Nummereschëld ugehalen. Bei der Kontroll hunn d'Beamten Alkoholgeroch beim Chauffer festgestallt. Den Alkoholtest war positiv. Ausserdeem huet sech erausgestallt, datt géint de Mann e Fuerverbuet bestoung. Et gouf e Protokoll ausgestallt an d'Gefier gouf saiséiert.

Géint 17:20 Auer koum et um CR154 tëscht Alzeng a Siren zu engem Accident mat engem Moto. Wéi d'Police op d'Plaz koum, hu si de Moto an engem Gaart fonnt. Kuerz drop konnt och de Besëtzer ugetraff ginn. Wéi sech erausgestallt huet, war de Moto net verséchert. De Besëtzer hat en nom Accident an engem Gaart ofgestallt. Och hei gouf e Protokoll ausgestallt an de Moto saiséiert.

Géint 18 Auer huet eng Fra vun enger Tankstell an der Rue d'Athus zu Péiteng aus d'Police alarméiert. Si hat e Mann gemellt, deen a sengem Auto geschlof an ufanks net reagéiert hat.

Wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, stoung den Auto mat lafendem Motor nieft enger Pompel. Nodeems si de Chauffer wakereg gemaach haten, gouf en Alkoholtest duerchgefouert. Dëse war positiv, soudatt dem Mann de Führerschäin ofgeholl gouf. Ausserdeem gouf e Protokoll ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO