De CGDIS mellt3 Blesséierter bei Accidenter op der A7 an zu Rammerech

Tom Nols
E Méindeg am Nomëtteg ass et zu zwee Accidenter komm, an deenen am Ganzen dräi Persoune blesséiert gi sinn. Donieft hat zu Bieles eng Fassad gebrannt.
© Laurent Weber

Kuerz no 14:30 Auer war et an der Jonctioun Gréngewald, vun der A7 op d'A1, zu engem Accident komm, wéi méi Autoen openee gerannt waren. Dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Am Asaz waren d'Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Jonglënster an Nidderaanwen.

Um 14:45 Auer war et zu Rammerech an der Rue des Artisans en Autosaccident, an deem eng Persoun verwonnt ginn ass. D'Ambulanz vu Réiden an déi lokal Pompjeeë waren op d'Plaz.

Zu Bieles an der Rue de Hussigny hat um 11:30 Auer eng Fassad ugefaange mat brennen. D'Pompjeeë vun Esch a vum SaDiff waren dohi fir ze läschen.

Back to Top
CIM LOGO