Beim Spadséiere goen eragelafHond zu Betzder aus Kanalisatiounsrouer gerett

RTL Lëtzebuerg
En Hond war zu Betzder an e Kanalisatiounsrouer gelaf an duerno net méi rauskomm. Direkt e puer Rettungsekippe waren am Asaz, fir d'Déier ze befreien.
Zu Betzder waren de GSAN an de GCYN an den Asaz geruff ginn, fir den Hond aus dem Kanalisatiounsrouer ze befreien.
© CGDIS / Facebook

Zu Betzder ass et e Sonndeg zu engem méi speziellen Asaz komm. Wéi de CGDIS matgedeelt huet, war een Hond beim Spadséieregoen an e Kanalisatiounsrouer gelaf an duerno net méi vum selwen erauskomm. Zesumme mam lokale Bauer hunn d'Pompjeeë vum Groupe de sauvatage animalier (GSAN) a vum Groupe cynotechnique (CGYN) e Lach gegruewen an den Hond aus senger mësslecher Lag befreit.

Back to Top
CIM LOGO