Gréisste Kierfecht an der StadD'Griewerseenung um Nikloskierfecht

Christophe Hochard
Et ass ee vun am ganzen 14 Kierfechter an der Lëtzebuerger Haaptstad.
D'Griewerseenung um Nikloskierfecht
Stoungen d'Leit zejoert fir d'Griewer ze seenen am Schloreen, sou koumen si op dësem 2. November wéinstens dréchen derduerch.

Wärend déi eng an d'Vakanz sinn an déi aner geschafft hunn, stounge vill Leit e Méindeg de Mëtteg um Nikloskierfecht. Traditionell ginn hei op Allerséilen d'Griewer geseent. 14 Hektar grouss ass dëse Kierfecht an domadder och dee Gréissten um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg. Zanter 1780 gëtt et en. Et ass ee vun am ganzen 14 Kierfechter an der Haaptstad. Fir de Kardinol war et wichteg z'ënnersträichen, dass den Dout net dierft dat lescht Wuert hunn.

Op dësem Kierfecht leie vill Mënschen. Si hunn hir éiweg Rou fonnt. Si waren Deel vun enger Famill, hate Gesëschter, waren eventuell bestuet, hate Kanner oder Enkelkanner. Si hunn um Liewen deelgeholl. Elo feelen si.

Dem Lëtzebuerger Kardinol war et och wichteg op d'Wichtegkeet vun der Dankbarkeet anzegoen. Déi Leit, déi gestuerwe sinn, wären net einfach verschwonnen. Si liewen an eisen Erënnerungen an eisen Häerzer weider. Wichteg wär et säi Liewe weiderzefeieren ouni dobäi déi Verstuerwen ze vergiessen.

Stoungen d'Leit zejoert fir d'Griewer ze seenen am Schloreen, sou koumen si op dësem 2. November wéinstens dréchen derduerch.

Back to Top
CIM LOGO