
Esou vill Opmierksamkeet kréie se seelen – d'Griewer am Allgemengen an dës am Besonneschen: Um Kierfecht zu Mäertert, graff gesot tëscht de Schinnen an der Musel geleeën, leien eng ganz Partie Russe begruewen, déi no der russescher Revolutioun 1917 geflücht sinn, well si op der Säit vum Zar stoungen. D'Exil-Russen, wéi se gemenkerhand genannt ginn, gehéieren zu der lokaler Geschicht vu Mäertert. Nokomme gëtt et bis haut do. A si ware beileiwen net all aus deem haitege Russland, mee koumen aus villen Ecke vun deem, wat dono d'UdSSR ginn ass.
Op Mäertert ware se komm, no enger Odyssee duerch hallef Europa, an der Hoffnung, an der Plätterchersfabrick Cerabati Aarbecht ze fannen. Tëscht Mäertert a Waasserbëlleg huet sech déi kleng Kolonie néiergelooss. Anerer huet et bis op Wolz gezunn, fir do an der Liederfabrick ze schaffen.
D'Griewer vun de Leit am Exil a vun hire Famille sinn am ieweschten Deel vum Kierfecht. An e Sonndeg de Mëtteg, wéi ëm 15 Auer d'Griewer fir Allerhellege geseent goufen, hu vill Leit dohigestuerkt, well och virun den orthodoxe Griewer Leit stoungen, fir un déi Verstuerwen ze denken. Fir Opmierksamkeet huet apaart hiren Outfit gesuergt: D'Gäscht haten extra al Arméi-Uniformen ugedoen, fir hir Virfaren, déi Russland hu musse verloossen, ze éieren.
"Mir sinn all verschidden ugedoen, well d'Zaldoten aus ënnerschiddleche Géigende koumen an ënnerschiddlech Räng haten. Esouguer e Generol läit hei begruewen", huet de Wladimir Poleschaev, deen extra aus der Saarbrécker Géigend op Lëtzebuerg komm war, dee klenge Reenactment erkläert. Hie selwer hätt ukrainesch Virfaren, da wier och eng Kosaken-Uniform derbäi asw. "D'Uniforme sinn esou, wéi se fréier waren", erkläert een aneren Här, deen och mat op de Mäerter Kierfecht komm ass an houfreg fir d'Gruppefoto poséiert.
All leeë se Wäert drop, vläicht och well op engem sengem Aarm dee russesche Fändel ze gesinn ass, fréier net mat haut ze vermëschen: Et sollt een a Fridde matenee liewen a Krich wier ëmmer déi schlechtst Optioun. Krich wier ni gutt. Hir Virfaren, déi virum Krich geflücht sinn a wäit ewech vun der Heemecht hir lescht Rou fonnt hunn, dierften dat änlech gesinn...
Dee klenge Grupp aus Däitschland, dee mat senge Stiwwelen, senge Mäntel a senge markante Kappbedeckunge vill Leit virwëtzeg gemaach huet, huet sech op alle gefreet, Deel vun der offizieller Zeremonie gewiescht ze sinn. De kathoulesche Paschtouer wier nämlech och laanscht hir Griewer gaangen, dat hätte si immens appreciéiert. Hinne wier et ëm d'Erënnerung gaangen, och wann d'Vergaangenheet laang hier wier. Deemno: Mission accomplie e Sonndeg de Mëtteg op Allerhellegen um Kierfecht zu Mäertert.
Déi russesch Griewer aus der Zäit vum 1. Weltkrich sinn awer net déi eenzeg, déi zu Mäertert eppes ze zielen hunn. Och Affer vum 2. Weltkrich leien do begruewen.
Den 2. September 1944 gouf an der Géigend en engleschen Opklärungsfliger ofgeschoss – vun enger Flak, déi op engem Zuch installéiert war. Déi zwee Pilote B. R. Dwyer an D. D. Hall koumen ëm d'Liewen a goufen zu Mäertert um Kierfecht begruewen.
2024, 80 Joer nom déidleche Virfall, war op Allerhellegen extra u si geduecht ginn.
Weider Informatiounen iwwer Mäertert fannt Dir an der Broschür "Kulturweg Mertert" (PDF).