Job-OfferRTL Lëtzebuerg sicht Freelance Audio Engineers

RTL Lëtzebuerg
Du hues Erfarung am Beräich Audio, Broadcast, Tounstudio oder Eventtechnik a wëlls bei professionellen TV- a Medieproduktioune matschaffen?
© RTL

Fir eisen Audio-Service bei RTL Lëtzebuerg siche mir Freelance Audio Engineers, déi eis Ekipp flexibel bei Studio- a mobille Produktioune verstäerken.

Bei eis schaffs du ënner anerem mat:

  • digitale Mëschpulter wéi Studer, Lawo, DHD, Allen & Heath an Yamaha
  • Pro Tools fir Recording a Postproduktioun
  • Riedel Artist Intercom
  • Dante, AES67 a MediorNet
  • Mikrofonéierung, Wireless-Systemer a Beschallung
  • Broadcast-Audio- a Loudness-Standarde wéi EBU R128

Wat mir sichen:

Leit mat techneschem Verständnis, engem gudden Ouer an enger selbstänneger a verantwortungsbewosster Aarbechtsweis.

Wichteg ass eis och d'Loscht, sech an nei Technologien a Workflowen anzeschaffen a sech weiderzeentwéckelen.

Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn an eisem Aarbechtsëmfeld relevant. Du solls dech an engem méisproochegen Team gutt verstännege kënnen a wuelfillen.

D'Asätz kënnen am Studio oder dobaussen ënnerwee sinn. Flexibilitéit fir verschidden Aarbechtszäiten, dorënner Schichtdéngscht, Weekender a Feierdeeg, ass dofir wichteg.

Wat mir bidden:

E passionanten Job an engem flotten Aarbechtsëmfeld mat vill Ofwiesslung a grousser Responsabilitéit am Déngscht vum Public.

Interesséiert?

Da mell dech bei eis op job@rtl.lu mat engem kuerze Profil, denger Erfarung an denger Disponibilitéit.

Mir freeën eis, vun dir ze héieren!

Back to Top
CIM LOGO