Registréierung vun AutosplackenStaatsrot mécht formell Oppositioun géint de Gesetzesprojet

Diana Hoffmann
Den Inneminister Léon Gloden ass iwwerrascht vun der schaarfer Kritik, d'LSAP deelt dogéint d'Bedenken iwwer de Schutz vun de Grondrechter.
Duerch en automatesche System sollen Autosplacken op de Stroossen erkannt ginn.
© PATRICK PLEUL / dpa-Zentralbild / dpa Picture-Alliance via AFP

Den Inneminister Léon Gloden ass iwwerrascht vun der schaarfer Kritik, d’LSAP deelt dogéint d’Bedenken iwwer de Schutz vun de Grondrechter

Zu Lëtzebuerg soll en automatesche System agefouert ginn, deen Autosplacken op de Stroossen erkennt a mat Police- an Douanesdatebanke vergläicht. Sou sollen ënner anerem geklaute Gefierer a gesichte Persoune méi séier fonnt ginn. De Projet de loi 8584 gesäit den Asaz vum sougenannten ANPR-System vir, fir d'Bekämpfung vun Terrorismus a schwéierer Kriminalitéit, d'Sich no Flüchtlingen a vermësste Persounen an och fir bei groussen Evenementer.

Rezent huet de Staatsrot awer eng formell Oppositioun géint de Projet gemaach. Seng Haaptkritik ass, dass net kloer genuch aus dem Gesetz ervir geet, wou a wéi vill Kameraen installéiert däerfe ginn a wien dat decidéiert. An der aktueller Form kéint esou eng permanent Iwwerwaachung vum ganzen Territoire méiglech ginn.

Och den Zougrëff op d'Donnéeën an hir Notzung wieren dem Staatsrot no net limitéiert genuch. Et wier net kloer, mat wéi enge Police- an Douanesdatebanke verglach däerft ginn a wéi wäit den Zougrëff vum Geheimdéngscht géing goen. Zousätzlech kritiséiert de Staatsrot déi virgesi Späicherdauer vun 28 Deeg, fir Donnéeën, wou et kee positiven Treffer gouf. D'Regierung géing net genuch erklären, firwat grad dës Dauer néideg wier.

Staatsrot wier streng mam Inneministère

"Mir si ganz iwwerrascht iwwert dee schaarfen Avis vum Staatsrot", seet den Inneminister Léon Gloden. D'Regierung wier awer der Meenung, datt de Projet a villen Hisiichten d'Verfassung géing respektéieren. "Ech huele gär eng kleng Kritik un, datt een d'Fichiere muss opzielen. Mee fir de Rescht fannen ech deen Avis vum Staatsrot dach komesch", sou de Minister. Et géing ee feststellen, dass de Staatsrot an de Gesetzer, déi den Inneministère am Kader vun der Sécherheet géing maachen, ëmmer ganz streng mat hinne wier.

Hie verweist och op eng Ännerung am franséische Gesetz am August 2026, wou d'Späicherdauer vun den Donnéeën op ee Joer verlängert gi wier. Den Zougrëff fir d'Police ass am normale Fall awer op ee Mount limitéiert. Fir e méi laangen Zougrëff am Kader vun enger geriichtlecher Enquête brauch et eng Autorisatioun vun engem Magistrat.

Et géing een de Projet elo intern an aller Rou nach eng Kéier duerchkucken an Adaptatioune maachen, betount de Léon Gloden.

LSAP: Mëttel musse proportionell bleiwen

Och d'LSAP-Oppositioun deelt d'Bedenken iwwer de Schutz vun de Grondrechter an den Dateschutz. D'Bekämpfung vu schwéierer Kriminalitéit stéing fir den Deputéierte Mars Di Bartolomeo net zur Diskussioun. "D'Mëttele musse proportionell sinn", seet hien. Et kéint net sinn, datt normal Bierger, déi näischt mat enger Strofdot ze dinn hätten, zum Kollateralschued géinge ginn. De Mitnameeffekt dierft an dësem Kontext net ënnerschat ginn.

De Mars Di Bartolomeo wënscht sech, datt och d'Institutiounskommissioun mam Gesetzesprojet géing befaasst ginn. Si misst iwwerpréiwen, ob déi geplangte Reegelen am Aklang mat der Verfassung an de Grondrechter stinn.

Och aner Avisen hunn Ännerunge gefuerdert

D'Kritik vum Staatsrot kënnt dann net aus dem Näischt. Och d'Dateschutzkommissioun CNPD hat an hirem Avis Bedenke formuléiert. Si hat besonnesch kritiséiert, datt nieft den Autosplacken och Fotoe vu Chauffeuren a Passagéier gesammelt kéinte ginn, déi näischt mat enger Strofdot ze dinn hunn. D'CNPD hat dofir méi streng Zougrëffsreegele gefuerdert an eng méi kuerz Späicherdauer.

D'Parqueten haten hirersäits och eng Rei Problemer identifizéiert. De Parquet général hat ënner anerem déi breet Méiglechkeet kritiséiert, de System bei groussen Evenementer anzesetzen, ouni datt eng konkret Gefor misst bestoen. De Parquet vu Lëtzebuerg hat méi präzis Reegele fir punktuell Recherchen an d'Späicherdauer gefuerdert. De Parquet vun Dikrech hat de System begréisst a wëllt den Asazberäich erweideren an och, dass d'Parqueten direkten Zougrëff op de Fichier hätten.

Back to Top
CIM LOGO