Police hat zwee Automobilisten ugehalenWéinst onbezuelte Geldstrofen am Prisong gelant an ënner Heroin-Afloss gefuer

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend an en Dënschdeg de Moien hat d'Police et mat Automobilisten ze dinn, déi opfälleg oder ze séier am Trafic ënnerwee waren.
© Laurent Weber

An der Rue Cents hat e Sonndeg géint 23:20 Auer e Chauffer eng Policepatrull mat héijer Vitess iwwerholl. D'Gefier gouf an der Neiduerfer Strooss ugehalen a kontrolléiert. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt géint de Chauffer wéinst onbezuelte Geldstrofen eng Contrainte par corps virlouch, wat bedeit, datt eng Persoun an de Prisong kënnt, wa se eng Strof net bezuele wëll oder kann.

Déi entspriechend Prozedure goufen doropshin an d'Weeër geleet.

Zu Habscht war der Police am fréien Dënschdegmoien en Auto an der Stengeforter Strooss opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Den Auto gouf ugehalen an d'Fuererin kontrolléiert. Dobäi ass um Récksëtz eng Tut mat Sprëtzen opgefall. D'Automobilistin huet op Nofro zouginn, datt si Heroin consomméiert hat. Bei weideren Ënnersichungen am Auto goufe sëllegen Utensilie fir den Droge-Konsum fonnt a séchergestallt. Et gouf en entspriechende Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO