Invité vun der Redaktioun (3. November) - Martine KirschProches aidants brauchen endlech e Statut

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie waren déi sougenannt "proches aidants" Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Martine Kirsch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Proches aidants also Leit, déi am Alldag e Familljemember oder eng Persoun aus hirem Ëmfeld betreien, géifen dacks un hir Grenze kommen a sech eleng gelooss fillen. Dat huet d'Martine Kirsch, Presidentin vun der ASBL "ZEFI - Zesumme fir Inklusioun", um Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun erkläert.

Si fuerdert en offizielle Statut fir déi sougenannte proches aidants, eng besser finanziell a sozial Ofsécherung an zouverlässeg Hëllefsstrukturen.

D'Ënnerstëtzung fänkt bei den alldeegleche Saachen un

E Proche aidant ass net nëmmen eng Persoun, déi ronderëm d'Auer e schwéier kranke Familljemember fleegt. Et fänkt scho bei reegelméisseger Hëllef am Alldag un, zum Beispill all Dag fir d'Boma akafen, am Stot hëllefen, e kranke Partner ënnerstëtzen oder sech ëm e Kand mat enger Behënnerung këmmeren. Wéi vill Mënschen zu Lëtzebuerg esou eng Roll iwwerhuelen, wier net genee gewosst. D'Martine Kirsch huet am Interview op e bësse méi wéi 18.000 Beneficiairë vun der Fleegeversécherung verwisen. Dës Zuel géif awer net alleguer d'Proches aidants erfaassen. "All déi Proches aidants, déi Stonneweis oder déi 24/7 eeben do sinn, also do gëtt et am Fong keng Chifferen an dat wier eppes, dat misst onbedéngt gemaach ginn."

Op eemol an enger Situatioun, op déi een net preparéiert ass

Duerch eng Krankheet oder eng Verännerung an der Famill kéint jidderee séier an d'Situatioun kommen, eng aner Persoun ze betreien. "An da steet een e bëssen do, fir op gutt Lëtzebuergesch ze soen, wéi den Ochs virum Bierg, well et weess een net, wou ee sech soll wenden, wou kritt ee wat, wou kritt ee wéi eng Ënnerstëtzung, wou kann ee wéi eng Demande maachen."

Iwwerlaaschtung mat schwéiere Konsequenzen

Bei enger Konferenz leschten Donneschdeg den 29. Oktober hätten ënnerschiddlech Betraffener vun hirem Alldag erzielt. Eltere vu Kanner mat enger Behënnerung grad ewéi Leit, déi hire Partner fleegen. Dobäi wiere Burnout, feelend Ënnerstëtzung a finanziell Schwieregkeeten zur Sprooch komm. D'Martine Kirsch huet och vun engem besonnesch trageschen Temoignage geschwat, an deem e Suicide an enger Famill thematiséiert gouf, déi sech mat hirer Situatioun eleng gelooss gefillt hätt.
Fir vill Proches aidants wier et net méiglech, Beruff a Betreiung dauerhaft ënner een Hutt ze kréien. Verschiddener missten hir Aarbechtszäit reduzéieren oder ganz ophalen ze schaffen. Dat hätt direkt Konsequenze fir hiert Akommes, mee och méi laangfristeg fir hir Pensioun an e méigleche Retour an d'Beruffsliewen.

Virwërf wéinst facturéierten, awer net geleeschte Prestatiounen

Am Interview huet d'Martine Kirsch och d'Zouverlässegkeet vu verschiddenen Hëllefsleeschtunge kritiséiert. Si huet behaapt, datt Betreiungspersonal deelweis ze spéit oder guer net géif kommen, d'Prestatiounen awer trotzdeem facturéiert géifen. Dobäi huet si sech op hir eegen Erfarung beruff.

"Ech war do och selwer am Fall, well ech hat siwen Stonne Garden d'Woch zegutt gehat an ech hu keng Garde kritt an déi sinn awer all facturéiert ginn. An ech mengen dat si bal 45.000 Euro, déi bezuelt gi sinn an déi ni prestéiert si ginn."
Martine Kirsch, Presidentin vun ZEFI

Esou eng Gard soll dem Proche aidant eigentlech eng Paus erméiglechen. Eng aner Persoun iwwerhëlt fir eng Zäit d'Betreiung, mécht zum Beispill eng Aktivitéit mam Kand oder geet mat der betreiter Persoun spadséieren.

Eng Paus ze organiséieren, bleift schwéier

Wann e Proche aidant selwer krank gëtt oder Erhuelung brauch, wier kuerzfristeg Entlaaschtung schwéier ze fannen. Déi sougenannte "lits de répit", also Better fir temporär Openthalter an Institutiounen oder Foyeren, wieren dacks ausgebucht. Do géifen et laang Waardelëschte ginn, an och an Noutsituatioune wier net ëmmer eng Plaz disponibel, erkläert d'Martine Kirsch. Dobäi kéim bei de Betraffenen dacks e schlecht Gewëssen, wa si hire Familljemember fir e puer Deeg an eng Struktur ginn. Esou eng Paus kéint awer néideg sinn, fir dass si sech kéinten ëm hir eege Gesondheet këmmere.

En offizielle Statut an eng finanziell Unerkennung

Eng zentral Fuerderung vun der Associatioun ass en offizielle Statut fir Proches aidants. Et géif ëm gesellschaftlech Unerkennung goen, mee och ëm konkret Rechter, Schutz a finanziell Sécherheet. Leit, déi wéinst der Betreiung net méi schaffe kënnen, missten eng Remuneratioun kréien. D'Fleegeversécherung eleng géif net duergoen. Nieft de Fleegeleeschtunge géifen och administrativ Demarchen, d'Begleedung op Rendezvousen an déi permanent Organisatioun vum Alldag, vill Zäit an Usproch huelen. Och dës Aarbecht misst unerkannt ginn.

Méi Flexibilitéit vun de Patronen

Och an der Aarbechtswelt wier méi Versteesdemech néideg. D'Martine Kirsch huet vu Leit geschwat, déi Schwieregkeete bis hin zu enger Entloossung kritt hätten, well si duerch hir Betreiungsaufgaben ëmmer nees ze spéit op d'Aarbecht komm wieren oder kuerzfristeg hätte misse fortgoen. Als Beispiller huet si Verspéidunge vum Mobibus genannt oder Situatiounen, an deenen Elteren hiert Kand wéinst enger Kris aus engem Kompetenzzenter missten ofhuelen. Méi flexibel Aarbechtsbedéngunge kéinten hëllefen, esou Situatiounen opzefänken.

Weider Konferenzen a méi politeschen Drock

D'ASBL ZEFI schafft mat fënnef aneren Organisatiounen an engem Kollektiv zesummen. No der éischter Konferenz sollen nach dräi weider Rendezvouse kommen. Déi nächst Konferenz soll am Fréijoer sinn an de politesche Volet thematiséieren. D'Martine Kirsch hofft dobäi op Ënnerstëtzung vum Max Hahn, deen och un der éischter Diskussioun deelgeholl hätt.
Parallel géifen op YouTube weider Video-Temoignagë vu Proches aidants verëffentlecht. Betraffener kéinte sech bei der Associatioun oder bei enger vun de Partnerorganisatioune mellen, fir Orientéierung ze kréien oder hir Erfarungen ze deelen. Fir d'Martine Kirsch misst elo jidderee seng Responsabilitéit iwwerhuelen: Et kéint een d'Leit net weider "am Ree stoe loossen".

Invité vun der Redaktioun: Martine Kirsch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO