Och zu LëtzebuergCyberattack op Frigoen a Killtrue vun Delhaize

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg goufe Frigoen a Killtruen an enger Rei Delhaize-Supermarchéen Zil vun enger Cyberattack. Wéi et op RTL-Nofro hin heescht, sollen och Filialen zu Lëtzebuerg dovu betraff gewiescht sinn.
Cyberattack op Frigoen a Killtrue vun Delhaize
Wéi et op RTL-Nofro hin heescht, sollen och Filialen zu Lëtzebuerg dovu betraff gewiescht sinn.

E puer Delhaize-Supermarchéë waren an der Nuecht op e Méindeg Affer vun enger Cyberattack ginn, déi Frigoen a Killtrue viséiert hat. Et ware virop d'Butteker an der Belsch, e puer Dose Stéck awer och an véier Filialen zu Lëtzebuerg. Dat huet eng Spriecherin vun Delhaize RTL géigeniwwer confirméiert.

Eidel Frigoen am Delhaize zu Stroossen
An der Nuecht op e Méindeg goufe Frigoen a Killtruen an enger Rei Delhaize-Supermarchéen Zil vun enger Cyberattack.

D'Firma hätt deemno direkt déi néideg Mesurë geholl, fir d'Supermarchéen operativ ze halen an och ze kucken, datt d'Produite frësch bleiwen. Wéi eng Butteker zu Lëtzebuerg konkret betraff sinn, huet Delhaize an der Äntwert un d'RTL-Redaktioun net preziséiert.

Änlech Attack schonn a Frankräich

Dës Cyberattack huet e Méindeg d'Killsystemer vu Supermarchéen a siwen europäesche Länner gehackt. Betraff waren ënner anerem Geschäfter a Lëtzebuerg, der Belsch, Estland, Finnland, Irland, Holland a Schweden. D'Attack ass änlech wéi déi, déi virun dräi Wochen a Frankräich registréiert gouf.

An der Belsch hat Carrefour Stéierungen a ronn 15 vu sengen 700 Geschäfter gemellt. Betraff waren och ënner anerem Ikea, Colruyt an Intermarché.

Duerch d'Attack sinn d'Temperature vun de Frigoen an de Killtruen op eemol geklommen. Verschidde Supermarchéë waren dowéinst gezwongen, Liewensmëttel ewechzegeheien, déi scho schlecht waren oder riskéiert hunn, ze verdierwen.

Schonn den 12. Oktober waren Honnerte Frigosystemer a franséische Supermarchéë vun enger Cyberattack betraff. Och deemools hu Geschäfter Liewensmëttel missen entsuergen.

Wien hannert den Attacke stécht, ass bis elo net gewosst. Am Mëttelpunkt vun den Ermëttlunge steet ënner anerem den dänesche Produzent Danfoss, deem seng Killsteierungssystemer a verschiddene betraffene Geschäfter installéiert sinn. No der Attack a Frankräich hat d'Entreprise erkläert, datt vill vun den betraffenen Apparater méi al Modeller wieren, déi keng Software- a Sécherheetsupdates méi kréien.

A Schweden huet d'Supermarchéschaîne Coop bestätegt, datt sechs vun hire ronn 800 Geschäfter betraff waren. D'Problemer wieren awer mëttlerweil behuewen an d'Frigoen an d'Killtruen nees normal am Asaz.

D'Attack weist, wéi vulnerabel och technesch Anlagen an der Liewensmëttelversuergung géintiwwer Cyberattacke kënne sinn.

Den EU-Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel, Christophe Hansen, hat schonn no der Attack a Frankräich betount, datt d'Liewensmëttelsécherheet op allen Niveauen méi Opmierksamkeet misst kréien.

D'EU-Kommissioun verfollegt d'Cyberattacken op d'Killanlagen a Supermarchéen an Europa mat grousser Suerg. Den EU-Kommissär Christophe Hansen huet vun engem "bewosste Versuch, d'Liewensmëttelketten ze ënnerbriechen an d'Vertraue vun de Konsumenten ze ënnergruewen" geschwat.

Schonn den 12. Oktober waren an honnerte franséische Supermarchésfilialen d'Killanlagen duerch eng Cyberattack ausgefall. Elo goufen och Geschäfter a verschiddenen aneren europäesche Länner attackéiert, dorënner d'Belsch a Schweden.

Back to Top
CIM LOGO