
E Méindeg den Owend gouf der Police kuerz virun 19 Auer eng kierperlech Ausernanersetzung tëscht enger Rei Persounen op der Gare zu Miersch gemellt. Dobäi sollen zwee Männer mat engem Sécherheetsmataarbechter uneneegerode sinn. Wéi d'Police op der Plaz war, konnte si de Sträit fir d'éischt berouegen an d'Leit auserneenhalen.
Wéi ee vun den zwee Männer engem Policebeamte seng Carte d'Identité gewisen huet, huet den zweete Mann dës aus den Hänn vum Polizist gerappt an huet probéiert, domadder fortzelafen. No enger kuerzer Poursuite konnt hie gestallt ginn, wärenddeem hat sech deen aneren awer schonn duerch d'Bascht gemaach.
Um Policebüro hunn d'Beamten decidéiert, de Mann an Arrest ze huelen, well hie sech weider onkooperativ gewisen huet an och däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen huet. No enger medezinescher Ënnersichung gouf awer festgestallt, datt hie wéinst enger Verletzung net an der Lag war, an Arrest geholl ze ginn. Hie gouf dowéinst an e Spidol bruecht.
D'Ermëttlunge goufen opgeholl.