
An der indescher Haaptstad New Delhi huet d'Ausmooss vun der Loftverschmotzung e Mëttwoch de WHO-Grenzwäert ëm e Villfacht iwwerschratt. Wéi d'Ëmwelttechnologie-Entreprise IQAir matdeelt, louch de PM2,5-Wäert vu kriibserreegende Mikropartikelen an der Loft an Deeler vun der Stad bei gutt 461 Mikrogramm pro Kubikmeter. Dat ass méi wéi dat 30-Facht vum Grenzwäert, deen d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) fir dës Partikele recommandéiert.
New Delhi gehéiert zu de Stied mat der schlëmmster Loftverschmotzung weltwäit. Am Raum ronderëm déi indesch Haaptstad liewe méi wéi 30 Millioune Leit. Fir de Smog zu New Delhi ze limitéieren, haten d'Autoritéite scho Mesurë geholl, wéi zum Beispill Aschränkunge fir Verkéier a Bauaarbechten. D'Loftverschmotzung dierft sech awer wéinst dem hinduisteschen Diwali-Fest e Sonndeg weider verschlëmmeren, well dëst traditionell mat Freedefeiere gefeiert gëtt.
D'PM2,5-Partikelen an der Loft si kleng genuch, fir an de Bluttkreeslaf vum Mënsch ze kommen an esou der Gesondheet ze schueden. Dem indesche Ëmweltministère no ginn 23 Prozent vun der Loftverschmotzung an der Wantersaison zu New Delhi duerch Ofgase vun Autoe produzéiert. Op d'Verbrenne vu Biomass, zum Beispill d'Ofbrenne vu Stoppelfelder, ass deemno fir 20 Prozent responsabel an d'Industrie mécht mat de Kuelekraaftwierker néng Prozent vun der Loftverschmotzung aus.
Mat 27 Prozent géing dem Ëmweltministère no dee gréissten Undeel u Partikelen an der Loft entstoen, wann Ofgase vu Gefierer, Industrie, Kraaftwierker an der Verbrennung vu Biomass an der Atmosphär matenee reagéieren.