
D'nächst Joer ginn et 35 Joer, datt Cool Feet hiren erfollegräichsten Album "Bistro" mat de Lidder "De Jangeli", "Drénk e Patt op mech", "Ketty, huel de Fändel raus", "Roude Léiw, huel se" (héiert ee bei all Match vun der Fussballnationalekipp am Stade de Luxembourg) an "D'Fëscherlidd" erausbruecht hunn.
Iwwer 130.000 Albume konnt d'lëtzebuergesch Rockband ronderëm de Rom Bernard un de Mann an d'Fra bréngen. Donieft huet Cool Feet et och an d'Guinness Buch vun de Rekorder gepackt an egal wou d'Grupp opgetrueden ass, war d'Stëmmung garantéiert. "Léiwer eng Grimmel ze fréi, wéi ze spéit!" esou de Rom Bernard an engem Communiqué un d'Press fir déi lescht Rock Show vu Cool Feet unzekënnegen.
Tickete fir dëse Concert ginn et op der Rockhal-Homepage.
Stëmmt hei fir Äert Liiblingslidd vu Cool Feet of: