Kloer riicht Linnen, laang schmuel Fënsteren – a keen DaachD'Villa Kutter

Sophie Becker
En Haus vun engem berüümte Lëtzebuerger Moler am Bauhaus Stil
D'Villa Kutter
Dat ikonescht Haus am Bauhaus-Stil, gëlt als éischt modernistescht Gebai zu Lëtzebuerg.

Et ass en Haus dat haut virun allem wéinst senger spezieller Faarf opfält. Ma wann een sech et bësse méi laang ukuckt mierkt een datt et sech nach unhand vun aneren Eegenaarte vun aneren Haiser um Lampertsbierg ënnerscheed.

Kloer riicht Linnen, laang schmuel Fënsteren – a keen Daach. Dëst sinn alles Charakteristike vun engem ganz spezifeschen Architektur-Stil, den eng Lëtzebuerger Architektin dem Haus no bal 8 Joerzéngten zréck ginn huet.

De Numm «Villa Kutter» kennt vun hirem fréiere Besëtzer, dem Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter. Gebuer 1894 zu Lëtzebuerg huet hien eng, fir déi  Lëtzebuerger Konschtgeschicht bedeitend Karriär an der Molerei absolvéiert. A senge Wierker erkennt een e groussen Afloss aus der Zäit vum däitschen Expressionismus, souwuel am Pinselstréch wéi och an de Motiver.

D’Villa Kutter huet hien 1928 beim Architekt Hubert Schumacher an Optrag ginn. Dësen huet dem Joseph Kutter no e puer Iddien e Plang fir eng zu där Zäit «moderner Architektur» gezeechent.

De Begrëff «Bauhaus» ass 1919 entstan. Wat sech eng, vum Architekt Walter Gropius gegrënnte Konschtschoul war, huet sech iwwert Joren zu engem Begrëff entwéckelt den dëse spezielle Stil an der Architektur an am Design beschreift.              

Haaptcharakteristike vum Bauhaus-Stil, oder dem konschthistoresch korrekten Ausdrock, dem «klassesch moderne Stil» sinn: kubistesch Grondformen, grouss Fënsteren, Flaach-Diecher a Materialie wéi Bëton, Stol oder Glas.

D’Villa Kutter war ee vun den éischte modernen Haiser dat zu Lëtzebuerg gebaut ginn ass, ma iwwert Joren déi de Joseph Kutter mat sengem Famill dra gelieft huet hunn ëmmer aner Architekten Ännerungen um Haus virgeholl, dat de markante Stil vun der Villa Kutter zerstéiert huet.

Wéi Diane Heirend den Optrag vun der Villa Kutter 2019 ugeholl huet war et hier wichteg den Esprit vum Kënschtlerhaus ze behalen. D’Haus sollt reparéiert an zum Deel och restauréiert gi mam Zil vun engem moderne Wunnhaus.

Verschidde Schlëssel-Elementer vum Bahaus-Stil wéi zum Beispill déi grouss Verrière wollt d’Architektin Diane Heirend recuperéieren.

D'Villa Kutter steet symbolesch fir eng Zäit vum architektoneschen Ëmbroch. Och wann d’Architektur vun haut stilistesch méi no un der kubistescher Bauweis läit, stécht d’Villa duerch hiren eenzegaartege Charakter nach ëmmer ervir. Si ënnersträicht och d’Wichtegkeet vum Erhalt vun historesche Gebaier a weist, wéi een dës moderniséiere kann, ouni dobäi hiren urspréngleche Charakter ze verléieren.

Back to Top
CIM LOGO