D’Figuren, déi hie moolt, gesinn oft gequäält an deels deforméiert aus, ma de Raphael Tanios stellt op sengen Toile keng gebrache Leit duer. Ganz am Géigendeel: säin Haaptthema ass d’Resilienz. Hie setzt sech a senge Wierker mat Mënschen auserneen, déi schwéier Phasen duerchgemaach hunn an doduerch méi staark gi sinn. A genee sou ass och den Titel vun der Ausstellung "The Decline" ze verstoen.
„Dat wat sou flott ass als Mënschen, dat ass, dass mir eis sou gutt kënnen upassen an et geet am Fong dorëmmer. Sech unzepassen mat deem "decline" an och gläichzäiteg ze soen „nee, et geet elo duer, ech maachen dat net mat" oder „ech reduzéieren mech net nëmmen op dat, wat mir virfält". Et ass wierklech doriwwer eraus wuessen a Resilienz... Et ass am Fong dat. D'condition humaine am Fong, wat schonn ëmmer mäin Thema war", sou de Kënschtler.
Mat “The Decline” presentéiert hie vill ganz nei Wierker, déi réischt am Laf vun dësem Joer entstane sinn an déi hien deels nach ni virdrun engem Public gewisen huet.
Bis de 14. November kann ee seng Ausstellung an der Galerie Go Art zu Esch entdecken.