Wat nach virun 100 Joer eng Neiegkeet war, ass haut ee vun de produktiivste Filmgenren iwwerhaapt.
Inspiréiert vu Märercher an Erzielungen, gouf et schonn am 19. Joerhonnert horror-änlech Stommfilmer, déi de Realismus ofgeleent hunn a mat iwwerdriwwene Performancen an éischte Spezialeffekter fir Onrou gesuergt hunn. Och sougenannten Trick-Filmer, oder däitsch expressionistesch Filmer aus de 1910er an 20er Joren, wéi "Nosferatu" zum Beispill, ginn haut als Virleefer vum Horrorfilm betitelt, mee dësen Numm war zu hirer Zäit nach kee feste Begrëff.
Wéini genau a firwat ass de Begrëff vum Horrorfilm also entstanen? Fir dat eraus ze fannen, musse mer an d'Joer 1931, an deem dem Bram Stoker säi Roman „Dracula“ fir d'éischt verfilmt gouf. De Film war esou e groussen Erfolleg am Kino, dass d'Produktiounsfirma Universal Pictures nach méi Filmer an dësem Stil maache wollt. De Begrëff Horrorfilm gouf vu Filmkritiker fir Dracula benotzt an huet sech doropshi bei de Leit als Numm fir deen neie Genre duerchgesat.
Fir 40.000 US-Dollar huet Universal ausserdeem d'Rechter um Stoker senger Geschicht kaf an de Vampir als Horrorfigur an der Popkultur vermaart. Mam Ufank vum Horrorfilm war also och dat iwwernatierlecht Monster gebuer, wat ee bis an d'1950er-Joren, an deenen och ëmmer méi Science-Fiction- an Alien-Horrorfilmer entstane sinn, haaptsächlech gesinn huet.
Eréischt an de 1960er Joren, mam Alfred Hitchcock sengem Film "Psycho", gouf et e grousse Wandel an der Welt vum Horrorfilm. Den Norman Bates war dat éischt mënschlecht Monster an engem Mainstream-Film, dat säin Affer gestalkt a mat engem Messer ëmbruecht huet. "Psycho" huet also dem Horrorfilm d’Dieren opgemaach, fir ëmmer méi gewaltsam a realistesch ze ginn. An de Joerzéngten duerno huet sech doraus, zum Beispill, de Slasher-Genre, mat Filmer wéi "The Texas Chainsaw Massacre" oder "Halloween" entwéckelt.
Et kann ee vun engem reegelrechten Horror-Hype schwätzen, dee sech iwwert d'Joerzéngten duerch Horrorfilmer entwéckelt huet. Dësen hat natierlech och en Afloss op aner Medien, wéi d'Literatur a mat Auteuren, wéi dem Stephen King, ass den Horror-Genre format-iwwergräifend beléift ginn. Och Horror-Parodien, wéi zum Beispill d'"Scary Movie"-Rei an den 00-er Joren hunn dozou bäigedroen, ikonesch Horrorfiguren a Filmzeenen an der Popkultur grouss ze maachen.
D'Entwécklung vun de Streamingdéngschter am 21. Joerhonnert huet d'Welt vun den Horrorfilmer rezent eng wieder Kéier op de Kapp gestallt. Elo kënne Produktiounsfirme vill a virun allem bëlleg Filmer produzéieren, déi net onbedéngt mussen am Kino gewise ginn. Doduerch sinn an de leschte puer Joerzéngten eng ganz Rei ganz spezifesch Ënnerkategorië vun Horrorfilmer entstanen, déi all méiglech Virléifte vun de Spectateure bedéngen.
Vu "Found-footage"-Filmer, wéi "Paranormal Activity" oder "The Blair Witch Project", iwwer Filmer mat béise Clownen, Déieren, Dämonen, oder extrem graphesche Splatter-Filmer wéi "Saw" gëtt et hautdesdaags eigentlech näischt méi, wat et net gëtt. Wat viru ronn 100 Joer nach kee feste Begrëff hat, ass also haut ee vun de produktiivste Filmgenren iwwerhaapt, deen dat ganzt Joer iwwer produzéiert, an net just fir Halloween gekuckt gëtt.