
Zesumme mam RTL, radio 100,7, dem Tageblatt an dem Luxemburger Wort sicht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch d'Wuert vum Joer 2026. Vum 2. bis den 30. November kënnt Dir Är Proposen eraschécken, wéi ee Wuert oder wéi een Ausdrock fir Iech dat politescht, ekonomescht, kulturellt oder gesellschaftlecht Joer sproochlech op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.
Aus de Virschléi mécht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng Shortlist vu bis zu 20 Begrëffer, aus deenen dann e Jury d'Wuert vum Joer 2026 eraussicht.
Am Jury sinn de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, e Vertrieder/eng Vertriederin vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch souwéi jeeweils ee Vertrieder/eng Vertriederin vum radio 100,7, RTL, Tageblatt an dem Luxemburger Wort.
Är Propose kënnt Dir via Formulaire oder iwwert dëse Link eraschécken:
Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.