Am 21. Joerhonnert sinn Horrorfilmer net méi aus der Filmzeen ewechzedenken. Ob fir Halloween oder soss am Joer, si gehéieren haut genee esou dozou wéi Action-, Comedy- oder Romantikfilmer. Wat viru ronn 100 Joer nach eng Neiheet war, ass haut ee vun de beléiftste Filmgenren iwwerhaapt.
Inspiréiert vu Märercher an Erzielungen, goufen et schonn am 19. Joerhonnert déi éischt horroränlech Stommfilmer. Och sougenannt Trickfilmer oder Filmer aus dem däitschen Expressionismus aus dem fréien 20. Joerhonnert wéi „Nosferatu“, gëllen als Virleefer vum Horrorfilm.
Mat der Verfilmung vum Bram Stoker sengem Roman „Dracula“ krut de Genre ëmmer méi Opmierksamkeet. Den Erfolleg huet Universal Pictures dozou bruecht, weider Filmer an deem Stil ze produzéieren. D’Firma huet d’Rechter un der Geschicht kaf an de Vampir als Horrorfigur an der Popkultur etabléiert. Bis haut ass d'Figur vum Vampir e feste Bestanddeel vum Horrorgenre.
An den 1960er-Jore koum et mam Alfred Hitchcock sengem Film „Psycho“ zu engem wichtege Wendepunkt. Mam Norman Bates stoung fir di éischte Kéier kee Monster, mee e mënschleche Mäerder am Mëttelpunkt. De Film huet de Wee fir méi realistesch a gewaltsam Horrorgeschichten opgemaach.
Iwwer d’Joerzéngten huet sech e richtegen Horror-Hype entwéckelt, deen och aner Medie beaflosst huet. Mat Auteure wéi dem Stephen King gouf den Horror och an der Literatur ëmmer méi beléift. Parodien ewéi d’„Scary Movie“-Rei hunn zousätzlech dozou bäigedroen, ikonesch Horrorfiguren a Filmszenen an der Popkultur ze verankeren.
Haut ass d’Villfalt bal onendlech: vu Found-Footage-Filmer wéi „Paranormal Activity“ an „The Blair Witch Project“ iwwer grujeleg Clownen, Déieren an Dämonen bis hin zu bluddege Splatterfilmer wéi „Saw“. De Genre huet sech also enorm entwéckelt a gëtt scho laang net méi nëmmen fir Halloween gekuckt.
Grad am Hierscht ass d’Loscht op e gudden Horrorfilm awer besonnesch grouss. Mat „Clayface“ leeft aktuell och zu Lëtzebuerg en Horrorfilm an de Kinoen, deen op verschiddene Plattforme scho fir säin héije Grujelfaktor ervirgehuewe gouf.